Rechtsschutz

Zu den Attributioune vun der Direktioun fir Konsumenteschutz gehéiert och, europäesch Gesetzestexter auszehandelen an d’Gesetzesprojeten auszeschaffen, fir déi an nationaalt Recht ëmzesetzen, virun allem an de Code de la Consommation.

Wichteg Projeten an dësem Kontext sinn :

Kontrolltätegkeeten

D'Direktioun fir Konsumenteschutz mécht reegelméisseg Kontrolle vun de Präisser vu Produiten a Servicer.

Zousätzlech zu de Routineskontrollen, déi deeglech an de Geschäfter gemaach ginn, ginn all Joer zwou oder dräi sektoriell Enquêtë gemaach, wou de Beräich exemplaresch ausgesicht gëtt, jee nodeems, wat fir eng Kloe vun de Konsumente kommen oder wéi sech eng bestëmmte Branche entwéckelt.

Als Member vum CPC-Reseau (Consumer Protection Cooperation - Netz fir d’Zesummenaarbecht am Konsumenteschutz), äntwert d'Direktioun op Ermëttlungs- an Duerchsetzungsufroe vun den Autoritéite aus anere Memberstaaten am Kader vun Enquêten, déi mat Infraktiounen ze dinn hunn, déi op deem jeeweilegen nationalen Territoire festgestallt gi sinn an déi mat engem professionellen Händler ze dinn hunn, deen zu Lëtzebuerg néiergelooss ass.

D'Direktioun mécht all Joer bei der gemeinsamer Enquête vum Reseau mat, déi « Sweep » (grouss Botz) heescht a vun der Europäescher Kommissioun koordinéiert gëtt.

Si féiert och d’Lëscht vun de Vermëttler fir Konsumentekreditter.

Schutz vun de Passagéierrechter

Zu Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Direktioun fir Konsumenteschutz d’Roll vum National Enforcement Body (NEB), der nationaler Duerchsetzungsagence fir d’Rechter vun de Fluch-, Bus an Zuchpassagéier an deenen, déi iwwer d'Waasser reesen.

Et ass d’Aufgab vun der Direktioun z’iwwerpréiwen, ob d’Gesellschaften d’Passagéierrechter entspriechend der europäescher Direktiv anhalen.

Nodeems se fir d’éischt probéiert hunn, hire Sträitfall mat der Gesellschaft ze léisen, kënne Passagéier den NEB kontaktéieren.

Den NEB analyséiert den Dossier an hëlt, wann et noutwenneg ass, déi néideg Mesurë fir dass d’Rechter vun de Gäscht, sou wéi se an den europäesche Reglementer garantéiert sinn, och agehale ginn.

Aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll

D'Direktioun fir Konsumenteschutz ass d’Autoritéit, déi dofir zoustänneg ass, fir d’Lëscht vun de qualifizéierten Entitéiten zu Lëtzebuerg ze féieren, deenen hir Prozedur a punkto aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll wat d’Konsumenterechter ugeet, den Exigenze vum Code de la consommation entsprécht.

D'Direktioun mellt dës Entitéite bei der europäescher Kommissioun un.

All Entitéit, déi op dës Lëscht wëllt agedroe ginn, muss dofir eng Demande bei der Direktioun fir Konsumenteschutz maachen.

Fir all grenziwwerschreidend Sträitfäll ass den CEC Lëtzebuerg déi Plaz, un déi sech d’Awunner vu Lëtzebuerg wende sollen, fir Informatiounen an Ënnerstëtzung ze kréien.

Den CEC Lëtzebuerg agéiert och als Kontaktpunkt fir Ufroen, déi iwwer d'Online-Konsument-Sträitléisungsplattform erakommen oder erakomme sollen.

Aféierung vun engem Mechanismus fir e kollektive Recours

D’Aféierung vun enger Sammelko, engem kollektive Recours, soll et méi einfach maache fir d’Rechter vun de Konsumente géintiwwer vu professionellen Händler ze sécheren.

D’Sammelklo dréit dozou bäi, d’Justiz ze demokratiséieren, andeems et méiglech gëtt, Schuedenersatz fir en änlechen oder souguer identesche Schued ze kréien, deen enger grousser Zuel vu Konsumenten entstanen ass.

Och fir de betreffenden Händler ass dat e Virdeel, well hien op déi Manéier verhënnere kann, dass hie mat enger grouss Zuel vun individuelle Sträitfäll konfrontéiert gëtt.

Dobäi ass ze bemierken, dass den deponéierten Text der aussergeriichtlecher Léisung vum Konflikt duerch Mediatioun eng wichteg Plaz gëtt.

Transpositioun vun europäeschen Direktiven

• D’EU-Direktiv fir de Verkaf vu Wueren (SGD) 2019/771 (och SGD – « sale of goods directive » genannt) an d’EU-Direktiv fir digital Inhalter (DCD) 2019/770 (och DCD - « digital content directive » genannt)
D’Transpositioun vun den Direktiven 2019/771 an 2019/770 a lëtzebuergescht Recht moderniséiert d’Rechter vun de Konsumenten am Beräich Konformitéitsgarantie, fir sech un déi nei Verbrauchsgidder wéi connectéiert Gidder (z.B. Smartphone, Smartwatch asw.) unzepassen. Och am Kader vu Kontrakter fir d’Liwwere vun digitalen Inhalter a Servicer (z.B. Applikatioune fir Smartphone, Online-Servicer asw.) sinn d’Konsumente geschützt.

• D’Transpositioun vun der sougenannter Omnibus-Direktiv 2019/2161 féiert ënner anerem Reegelen an, déi et de lëtzebuergeschen Autoritéiten erlaben, méi effikass Sanktioune géintiwwer professionellen Händler duerchzesetzen.
Jee nodeems kann de professionellen Händler, dee sech net un d’Verbraucherrechter hält, eng Geldstrof bis zu 4% vu sengem Ëmsaz oder vun 2 Milliounen Euro kréien.

Ausserdeem übt d'Direktioun fir Konsumenteschutz eng Rei vun Aktivitéiten aus, déi dofir suerge sollen, dass d’Verbraucherrecht agehale gëtt.

Déi wichtegst vun deenen Aktivitéite sinn :

D'Union luxembourgeoise des consommateurs Nouvelle (ULC) an den Europäesche Verbraucherzentrum (CEC)

D'Direktioun fir Konsumenteschutz gëtt souwuel der Union luxembourgeoise des consommateurs Nouvelle asbl wéi och dem Europäesche Verbraucherzentrum GIE eng finanziell Ënnerstëtzung am Kader vun enger Konventioun.

Den Zweck vun dëser finanzieller Ënnerstëtzung ass et, si bei hiren Aufgabe fir d’Opklärung an Hëllef fir eenzel Verbraucher ze ënnerstëtzen.

Conseil de la consommation

De Conseil de la Consommation ass e berodend Organ, deen als Tripartite zesummegesat ass.

Him gehéiere Vertrieder aus verschiddene Ministèren un, aus Beruffsverbänn an Associatiounen, déi sech fir de Konsumenteschutz asetzen.

Seng Missioune ginn am legislativen Deel vum Code de la Consommation definéiert, wärend seng Zesummesetzung an dem reglementairen Deel vum Code de la Consommation festgeluecht ass.

D’Presidence huet e Vertrieder vun der Direktioun fir Konsumenteschutz.

Guide fir déi Professionell

Professioneller, déi Produiten oder Servicer un de Konsument proposéieren, musse sech un d’Reegele vum Code de la consommation halen.

Fir hinnen dëst méi einfach ze maachen, stelle mir hinne gratis Informatiounsmaterial zur Verfügung.

Aktualiséiert