Haus zu Haus Verkeef

Juristesche Kader

Zanter Abrëll 2014 huet Lëtzebuerg de legale Verbuet vum Hauséieren (“Kolportage”) duerch eng nei Reglementatioun ersat. Dës ass konform zum EU-Recht, dat dëser Form vu Commerce e restriktive Kader setzt. Zanterhier kann de Konsumenten den Demarchage un der Hausdier verbidde, andeems hien z. Bsp. een Autocollant „Non au colportage“ op seng Bréifkëscht oder seng Entréesdier pecht.

Opgepasst

Falls de Konsument keen sou een Autocollant opgepecht huet, acceptéiert hien, dass bei him un der Hausdier ka geschellt gi fir him Saachen oder Déngschtleeschtungen ze verkafen, wéi z. Bsp. Renovéierungsaarbechten. De Professionelle muss allerdéngs de Wonsch vum Konsument respektéieren, wann dësen net wëll demarchéiert ginn.

Op den éischt Bléck proposéieren d’Haus zu Haus Verkeefer dacks ee séiere Service zu attraktive Präisser. Allerdéngs si mir op eenzel Fäll opmierksam gemaach ginn, vun Aktivitéiten déi weder deklaréiert nach verséchert sinn a wou de Professionaliséierung vun den Aarbechten och a Fro ka gestallt ginn. Dëst ka schwéier Konsequenze fir de Konsument mat sech bréngen, wéi Fusch um Bau oder grouss Präisschwankungen tëschent dem ofgemaachene Präis an der Rechnung no den Aarbechten. An deene Fäll steet de Konsument dem Prestataire dacks hëlleflos géintiwwer, obwuel dësen eigentlech Schold um Problem huet, ouni Garantie fir déi geleeschten Aarbechten, souguer wann gréisser Reparaturaarbechten um Chantier néideg sinn. 

Iwwerpréiwungen

Fir ongemittleche Situatioune virzebeugen, réit d'Direktioun fir Konsumenteschutz Leit a Betriber ze beoptragen, déi op Basis vun engem detailléierten Devis och am Handelsregëster agedroe sinn an déi eng gülteg Handelsermächtegung hunn fir hir Aktivitéit. Et soll een sech och ëmmer déi néideg Zäit huele fir verschidde Saachen ze iwwerpréiwen, éier een sech formell engagéiert :

  • Identitéit vum Professionellen : et kann een online iwwerpréiwen ob ee Betrib am Handelsregëster agedroen ass an ob hien eng gülteg Handelsermächtegung huet ;
  • Fall néideg soll een och eng Kopie vun der Professioneller Haftflicht froen ;
  • Informatiounen iwwert d’Recht fir vum Kontrakt wärend 14 Deeg ofzetrieden (droit de rétractation);
  • Detailléierten Devis, wou ë. a. de Präis an de Liwwerdatum drastinn.

Autocollant « Non au démarchage »

Et ass wichteg ze wëssen, dass de Konsument ëmmer d’Recht huet fir een Haus zu Haus Verkaf ze verbidden, och wann hien keen Autocollant opgepecht huet an dass de Professionellen de Wonsch vum Konsument och muss respektéieren.

Dir kënnt d’Autocollanten « Non au colportage » hei bestellen.

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op guichet.lu.

Affer ?

Wann een deen dës puer Rotschléi verfollegt, kann een sech besser géint onerwënschte Situatioune schützen an an engem déi Betriber ënnerstëtzen, déi sech un d’Reegelen halen an déi gülteg Norme respektéiere.

Am Zweiwelsfall oder falls een Affer gouf vu sou enge Praktiken, soll een déi zoustänneg Autoritéite kontaktéieren an/oder sech Rot siche bei der ULC oder dem CEC Luxembourg.

Aktualiséiert