Autofestival: Wat een iwwer Kontrakter sollt wëssen

Den Autofestival zitt all Joer vill Konsumenten un, déi no de leschten Autosmodeller a gudden Offere sichen. Verschidde Kontrakter ginn tëscht dem Professionellen an dem a Konsument ofgeschloss, sou wéi Kafs-, Kredit- a Leasingskontrakter. Dësen Dossier erënnert un déi verschidde Reegelen, déi an dësem Kontext gëllen, besonnesch Punkto d’Widderufsrecht an d’Verpflichtung vum Händler fir kloer a verständlech Informatioun ze liwweren éier ee Kontrakt ënnerschriwwe gëtt.

Verkafskontrakter

Et muss een en Ënnerscheed maachen tëscht engem Kontrakt deen am Geschäftsraum vum Händler ofgeschloss gëtt an engem Kontrakt deen op Distanz, also ausserhalb vum Geschäftsraum, ofgeschloss gëtt:

  • De Konsument, deen e Verkafskontrakt ausserhalb vun engem Geschäftsraum ofschléisst, huet ee Widderufsrecht vu 14 Deeg (ouni dofir mussen ee Grond unzeginn) (https://gd.lu/50HQ1n);
  • Dëst Recht gëllt net wann de Kontrakt am Geschäftsraum ofgeschloss ass. Allerdéngs ass et méiglech datt de Verkeefer e kontraktuellt Widderufsrecht gëtt. An dësem Fall muss dësen Accord kloer um Bestellformular stoen. Dës Optioun stellt keng Obligatioun fir den Händler duer.

Et sief och drun erënnert, dass wann de Keefer eesäiteg decidéiert fir dem Kontrakt een Enn ze setzen, hien de Risiko leeft, fir dem Händler eng Kompensatioun mussen ze bezuelen oder, wann eng Strofklausel am Kontrakt virgesinn ass, hien de Betrag vun där Strofklausel muss bezuelen. Den Händler huet d'Recht ze verlaangen, dass de Kontrakt erfëllt gëtt a kann de Keefer dozou zwéngen d’Gefier entgéint ze huelen.

Leasings-Kontrakter

Opgepasst bei engem Leasing ouni „Obligation d’achat“, d.h. bei engem Kontrakt, an deem eng Persoun e Gefier fir eng bestëmmten Zäit least, meeschtens iwwert e puer Joer, ouni dass si d'Gefier um Enn vum Kontrakt kafe muss! E rezent Urteel vum Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun huet bestätegt, dass e Konsument mat engem Leasingskontrakt ouni „Obligation d’achat“ kee Widderufsrecht huet ausser hie gouf net richteg iwwer seng Rechter a Pflichten informéiert (https://gd.lu/35GPv3).

Kontrakter fir ee Crédit à la consommation

Am Fall vu Kontrakter vun engem « Crédit à la consommation » huet de Konsument ee Widderufsrecht vu 14 Deeg. Dës Period ufänkt eréischt u mat lafen nodeems de Konsument komplett a korrekt Informatioun kritt huet.

Zustaanekomme vun engem Kontrakt 

Mam Ënnerschreiwe vun engem Bestellungsformular ass ee Kontrakt tëschent dem Konsument an dem Händler ofgeschloss. Dëst bedeit datt den Händler dat bestallt Gefier muss liwweren an de Keefer muss de Präis bezuelen, deen am Dokument spezifizéiert ass.

Zu gudder Lescht

Zesummegefaasst gëtt geroden ëmmer opmierksam ze sinn, sech déi néideg Zäit ze huele fir d'Konditiounen ze liesen an se och ze verstoen éier een ee Kontrakt ënnerschreift, dëst fir spéider Komplikatiounen ze vermeiden.

Aktualiséiert