Nohaltege Konsum

Den MPC dréit mat dozou bäi, en adequate Kader auszeschaffen, deen nohaltege Konsum méi einfach mécht.

Als politeschen Acteur agéiert hien um Niveau vun der Gouvernance a konzentréiert sech drop, ee Konsument ze begleeden, dee vill verschidde Facetten huet an amgaang ass, en neie Liewensstil ze entwéckelen, bei deem en nohaltege Konsum de selbstverständleche Choix ass.

Am Sënn vun de Konsumente wäert den MPC verschidden Aktiounen entaméieren :

  • Zesummenaarbecht mat ëffentlechen a privaten Organisatiounen, déi am Kontext vum nohaltege Konsum aktiv sinn
  • Ënnerstëtzung vu Projeten, déi zur Informatioun a Sensibiliséierung vu nohaltegem Verbrauch bäidroen
  • Mise en Place vun Instrumenter zur Sensibiliséierung vu nohaltegem Verbrauch
  • Déi juristesch Situatioun kloerstelle wat d’Garantie fir reparéiert Géigestänn an d’Responsabilitéit vum Reparateur ugeet
  • Innovativ national Projeten am Beräich vun der Reparatur ënnerstëtzen
  • D’Reparaturberuffer fërderen
  • Projete fir eng méi nohalteg Moud ënnerstëtzen
  • Zesummenaarbecht mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung fir eng Liewensmëttelpolitik opzebauen

Eng Liewensmëttelpolitik fir Lëtzebuerg – Um Wee fir bei en nohaltegen nationalen Ernärungssystem

An der Kommunikatioun vun der Europäescher Kommissioun „Farm to Fork – vum Bauerenhaff op den Teller“ ginn d’Zesummenhäng tëschent dem Mënsch, der Gesellschaft an enger gesonder Natur ënnerstrach. Si gesäit e ganze Katalog u Mesurë fir déi ganz Liewensmëttelkette fir, fir op déi Manéier méi een nohaltegen Ernärungssystem opzebauen.

An der Agenda 2030 vun der UNO spillt den Thema vun der nohalteger Ernärung eng wichteg Roll an a gëtt an enger ganzer Rei vun Nohaltegkeetsziler deklinéiert.

Sozial an ekonomesch Consideratiounen, d‘Stäerkung vun der Positioun vun de Baueren an der Chaîne de valeur, een neit Besënnen op den Déiereschutz, de Schutz vun der Biodiversitéit an d’Auswierkunge vun der COVID-19-Pandemie genau wéi de Krich an der Ukraine hu gewisen, wéi wichteg resilient Liwwerkette sinn.

Déi national Gesetzer an Attributiounen déi d‘Beräicher vun der Produktioun, der Veraarbechtung an der Consommatioun vu Liewensmëttel ofdecken, stinn ënnert der Kompetenz vun e puer verschiddene Ministèren. D’Ziler sinn zwar potenziell komplementar, mee si ginn dacks op verschidde Manéieren interpretéiert. Dobäi gëtt nëmme seelen drop gekuckt, wéi eng Effete se géigesäiteg openee kënnen hunn an d‘Méiglechkeete fir Synergië ginn net genotzt.

Dowéinst hunn den MPC an de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ee Gesetzesprojet fir d’Ëmsetzung an d’Koordinatioun vun der Liewensmëttelpolitik ausgeschafft.

Et geet drëms, eng Koherenz tëschent deene verschiddenen nationale Politiken a Strategien am Beräich Ernärung ze schafen zugonschte vun de Verbraucher, de Produzenten an de Veraarbechter.

Nohalteg Moud – dem Konsument d’Méiglechkeet ginn, fondéiert Entscheedungen ze treffen an e sensibiliséieren

Den MPC huet sech zum Zil gesat, de Konsumenten déi Informatiounen zur Verfügung ze stellen, déi si brauche fir kënnen e gutt informéierte Choix ze treffen.

E versicht méi Transparenz an dëse Beräich ze bréngen, wou d‘Ofhängegkeeten tëschent déifgräifend an net net ëmmer op den éischte Bléck ze erkenne sinn.

D’Konsumenten treffen hir eegen Entscheedungen. Den MPC wëll hinnen d’Mëttel an d’Hand ginn, dass hinnen d’Komplexitéit vun hire Konsumedécisiounen an d’Konsequenzen bewosst sinn.

Nutri-Score - Aféierung vun zousätzlechen Ausdrocksforme vum Energiewäert an der Quantitéit vun Närstoffer

Säit Enn 2016 ass d’Närwäertdeklaratioun fir all virverpaakte Liewensmëttel op europäeschem Niveau gereegelt. Et bleift awer fir de Verbraucher eng komplex Aufgab, fir se ze interpretéieren, an dofir gëtt se och nëmme wéineg consultéiert.

Frankräich huet 2017 den Nutri-Score-System ausgeschafft an agefouert, deen och ëmmer méi dacks op Produiten drop ass, déi zu Lëtzebuerg verkaaft ginn.

Fir de lëtzebuergesche Produzenten an Distributeuren d’Méiglechkeet ze ginn, den Nutri-Score ze verwenden an de Konsumenten d’Méiglechkeet ze ginn, eng méi transparent Beschrëftung iwwer d’Närwäerter vu Produiten ze kréien, déi hei zu Lëtzebuerg vermaart ginn, huet den MPC e groussherzoglecht Reglement ausgeschafft, dat et de lëtzebuergesche Betriber erlaabt, dee System ze verwenden. Dat geschitt op fräiwëlleger Basis.

Aktualiséiert