Grënnung vum MPC, deen éischte Ministère eegens fir Konsumenten
Zu Lëtzebuerg steet de Konsumenteschutz scho laang op der Dagesuerdnung. Vill vu senge Facettë gi scho säit laangem a verschiddene Ministèren oder vun Institutiounen, déi vum Staat ënnerstëtzt ginn, traitéiert.
Allerdéngs huet de Kontext sech geännert. De Konsument beweegt sech am digitalen Zäitalter a gëtt mat neie Geschäftsmodeller konfrontéiert, déi him nei Méiglechkeete gi fir e Choix ze treffen a wou hien och nei Rollen iwwerdroe kritt. Hie brauch méi Transparenz a méi Sécherheet.
Dofir huet d’Regierung decidéiert, en eegene Ministère fir de Konsumenteschutz (Ministère de la Protection des consommateurs - MPC) ze schafen.
Attributioune vum MPC
D’Attributioune vum MPC gi vum groussherzoglechen Arrêté fir d’Constituéiere vun de Ministèren definéiert.
- 1. Konsumenteschutzpolitik: Verbraucherpolitik am Bannemaart an op nationalem Niveau – Conseil de la Consommation – Code de la consommation: Legislatioun an Applikatioun – D’Rechter vu Leit, déi eng Rees maachen – Relatioune mam Europäesche Verbraucherzentrum (GIE) – Relatioune mat der ULC - Union luxembourgeoise des consommateurs.
- Liewensmëttelsécherheet: Sécherheet vun der Liewensmëttelketten – Asetze vun engem effiziente Kontroll- a Sanktiounssystem am Liewensmëttelberäich – Informatioun a Sensibiliséierung vun der Ëffentlechkeet – Koordinatioun vun den Aktivitéite vun den Laboratoiren am Beräich vun der Kontroll – Hygiènesbarometer – Iwwerwaachung vu Liewensmëttelbetriber, offiziell Kontroll vu Liewensmëttelen an der Liewensmëttelketten a vun dem Material an de Géigestänn, déi mat Liewensmëttelen a Kontakt kommen.
Mam Gesetz vum 12.07..2022 sinn all Aktivitéiten am Beräich vun der Liewensmëttelsécherheet an enger eenzeger Administratioun, der ALVA, zesummegefaasst, déi ënner d'Responsabilitéit vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung fält.
Nieft sengen direkten, eegenen Attributiounen ass de Konsumenteschutzministère wéi all d’Ministère verflicht, zum nationale Plang fir eng nohalteg Entwécklung bäizedroen. De Konsumenteschutzministère kann do virun allem um Niveau vun der Fërderung vun nohaltegem Konsum an nohalteger Produktioun intervenéieren, dem Handlungsfeld 3, dat vun der Lëtzebuerger Regierung festgeluecht gouf.
Ambitioune vum MPC
De Konsumenteschutzministère wëllt e konsumentefrëndlecht Ëmfeld schafen, wat gesond a sécher ass, wou d’Gesetz de Konsument effikass géint Abuse schützt an him d’Méiglechkeet gëtt, fir iwwer déi noutwendeg an transparent Informatiounen ze verfügen, déi hie brauch, fir kënne vertrauensvoll säi Choix ze treffe wann et ëm e responsabele Konsum geet.
Den MPC wëll :
• De Konsument schützen
• De Konsument informéieren
• Der Bevëlkerung et méi einfach maachen, sech fir e responsabele Konsum ze entscheeden
D’Aktivitéite vum MPC konzentréieren sech op dräi strategesch Polen :