De Code de la consommation

Dësen Dossier befaasst sech mam Code de la consommation. Déi wichtegst Konzepter gi mat Beispiller illustréiert andeems probéiert gëtt komplex juristesch Ausdréck ze vermeiden.

De Code de la consommation

De Code la consommation regruppéiert all Gesetzer a Reglementer, déi d’Bezéiungen tëschent engem Konsument, d.h. enger Privatpersoun, an engem Professionelle reegelen, deen am Kader vu senge kommerziellen, industriellen, handwierklechen oder liberalen Aktivitéiten (B2C) e Produit oder e Service ubitt.

D‘Haaptziler vum Code de la consommation sinn de Schutz vun de Konsumenten an d’Promouvéiere vun enger equilibréierter Relatioun tëschent deene verschiddenen Acteure vun engem Kontrakt.

De Code informéiert de Konsument an och de Professionelle konkreet iwwert d’Rechter an d’Flichten, déi jidderee vun hinnen a spezifesche Situatiounen huet, déi mam Verbraucherrecht ze dinn hunn:

  • Informatiounsflicht géintiwwer dem Konsument iwwert déi vum Professionellen ugebuede Wuer oder de Service,
  • Indikatioun vun de Präisser,
  • Onlauter Geschäftspraktiken,
  • d’Reegelen, déi fir Kontrakter mat Konsumente gëllen,
  • déi verschidden Autoritéite fir Konsumenteschutz a Verbrauchermediatioun,
  • de Sanctiounsregimm.

De Code de la consommation entwéckelt sech stänneg weider.

Hie gëtt an engem europäesche Kader ugepasst, an deem Mooss wéi d’Technologien an d’Verhale vun de Konsumenten sech änneren.

Informatiounsflicht géintiwwer dem Konsument 

Artikel L. 111-1 an L. 113-1

Éier e Kontrakt ofgeschloss gëtt, muss de Professionellen d’Wueren an d’Servicer, déi hien ubitt an enger fir de Konsument klorer a verständlecher Sprooch beschreiwen.

Mat dëse sougenannte „virvertraglechen“ Informatioune kann de Konsument a voller Kenntnis vun de Fakten decidéieren, ob hien e Kontrakt mat dem Professionellen ofschléisse wëll oder net. 

Dës Informatioune mussen Äntwerten op folgend Froe ginn:

  • Wien ass de Professionellen a wéi ass hien ze erreechen ?
  • Wéi héich ass de Präis vum Produit oder Service, inklusiv all Taxen ?
  • Wéini a wéi muss een d’Wuer oder de Service bezuelen ?
  • Wéi sinn d’Liwwermodalitéiten ?
  • Wat ass déi gesetzlech Garantie?
  • Gëtt et e Service après-vente ?
  • Wat ass d’Lafzäit vum Kontrakt a wéi kann e gekënnegt ginn?
  • Ass am Kontrakt eng automatesch Verlängerung virgesinn? Wann dat de Fall ass, wéini a wéi kann ee verhënneren, dass dat geschitt?
  • Wéi eng Rechter huet de Konsument wann de Professionellen enger oder e puer vu sengen Obligatiounen a punkto weesentlech Informatiounen net nokënnt?

Indikatioun vun de Präisser

Artikelen L. 112-1 bis L. 112-9

De Professionelle kann de Präis vun der vun him ugebuedener Wuer oder dem Service fräi bestëmmen.

Hie muss duerch eng Etikett oder aner siichtbar an liesbar Kennzeechnung oder Affichage op eng kloer a prezis Manéier iwwert de Präis informéieren, fir dass de Konsument säi Choix a voller Kenntnis vun de Fakten treffe kann ouni duerno mussen ze froen éier e Kontrakt ofgeschloss gëtt.

Dës Obligatioun gëllt fir all Form vu Verkaf :

  • am Geschäft,
  • « à distance » (iwwer Internet oder en anert Kommunikatiounsmëttel, wéi zum Beispill den Telefon oder Courrier) an
  • « ausserhalb vu Geschäftshaiser », dat heescht ausserhalb vun engem Geschäftshaus, z.B. beim Konsument doheem, an engem ëffentleche Raum wéi enger Foire, engem Maart, enger Galerie an engem Verkafszelt oder op all anerer Plaz wou normalerweis keen Handel bedriwwe gëtt, wéi z.B. op engem Ausfluch. 

De Präis muss :

  • op eng onmëssverständlech Manéier affichéiert ginn, einfach ze erkennen an och einfach liesbar, entweeder vu baussen (Vitrinn) oder am Banneberäich, jee nodeems, wou d’Produiten ausgestallt sinn ;
  • an Euro inklusiv all Taxen ugi ginn ;
  • fir eng bestëmmten Unitéit oder Quantitéit gëllen ;
  • pro Unitéit definéiert si fir ee Kilo, ee Liter, ee Meter, ee Meterkaree (m2) oder ee Meterkibb (m3), fir dass de Konsument d’Méiglechkeet huet, verschidde Produite mateneen ze vergläichen.
  • D’Indikatioun vun de Präisser fir Servicer muss als Tarif pro Unitéit oder als Forfait gemaach ginn inklusiv sämtlecher Taxe fir déi gängegst Prestatiounen, déi de Professionellen ubitt.
  • De Präis dierf net méi héich si wéi deen, deen uginn ass. Ee Professionellen dierf an der Keess kee méi en héije Präis verlaangen, wéi deen deen z.B. op der Etikett steet.

Referenzpräis

  • Eng Präisreduktioun muss par Rapport zum Referenzpräis ugekënnegt ginn, deen och affichéiert ass.
  • De Referenzpräis ass den niddregste Präis, deen op d’mannst 30 Deeg virun der ugekënnegter Reduktioun ugewannt gouf (Ausname gëtt et z.B. bei verdierfleche Produiten, do ass d’Referenzperiod méi kuerz.)
  • Wann de Professionelle successiv Reduktioune fir een an dee selwechte Produit uwent, dann ass de Referenzpräis dee Präis ouni Reduktioun virun der éischter Uwendung vun der Reduktioun.  
  • Déi selwecht Obligatioune gëllen och fir Online-Verkeef.
Weider Informatiounen

Onlauter Geschäftspraktiken

Artikelen L. 121-1 bis L. 122-8

Eng Geschäftspraktik kann d’Form vun enger Handlung, enger Ënnerloossung, enger Demarche oder enger kommerzieller Kommunikatioun hunn, inklusiv Publicitéit a Marketing, vun engem Professionelle fir Reklamm fir e Produit beim Konsument ze maachen oder dem Konsument de Produit ze verkafen.

Onlauter Geschäftspraktike si verbueden.

Dat si Praktiken, déi géint d‘Ufuerderunge vun der berufflecher Suergfalt ginn, also géint déi anstänneg Gebräicher vum Handel a géint d’Prinzip vun Trei a Glawe verstoussen, an déi vu sou enger Aart sinn, dass se op eng substanziell Manéier d’Verhale vum Duerschnëttskonsument beaflossen oder beaflosse kënnen, wann hien eng Wuer oder e Service keeft an déi hien deemno dozou bréngt, eng geschäftlech Decisioun ze huelen, déi e soss net geholl hätt.

Wann et drëms geet fir festzestellen, ob eng Geschäftspraktik onlauter ass, gëtt berécksiichtegt ob dës Geschäftspraktik e Grupp vu Konsumente viséiert, déi opgrond vun hirem Alter oder hirer Liichtgleewegkeet oder well se e mentalen oder physeschen Handicap hunn als « vulnerabel » bezeechent ginn.

Et gëtt tëschent zwou Zorte vun onlautere Geschäftspraktiken ënnerscheet :

Aggressiv Geschäftspraktiken

Eng Geschäftspraktik ass aggressiv, wann de Professionelle géintiwwer dem Konsument Belästegung, Contrainte oder en onzoulässegen Afloss ausüübt, déi/deen de fräie Choix vum Konsument signifikant beanträchtegt oder beanträchtege kann an hien dozou bréngt, eng Decisioun ze huelen, déi hien ënner aneren Ëmstänn net geholl hätt.  

Et handelt sech ëm eng Praktik, bei där Drock op de Konsument ausgeüübt gëtt a sengem Decisiounsprozess.

Am Code gëtt et eng schwaarz Lëscht vun Ëmstänn, déi ënner allen Ëmstänn aggressiv sinn, wéi z.B. :

  • onerwënschte « Cold Calling » iwwer Telefon oder iwwer aner elektronesch oder Fernkommunikatiounsmëttel,
  • Visitten doheem beim Konsument, ouni ze berécksiichtegen, dass de Konsument keen Demarchage wëll,
  • an enger Publicitéit Kanner direkt dozou animéieren de Produit fir dee Reklamm gemaach gëtt ze kafen (oder dass d’Elteren/Erwuessener hinnen e kafen),
  • de falschen Androck ginn, dass de Konsument e Präis oder en aneren Avantage gewonnen huet oder gewanne wäert, deen et net gëtt a fir deen e gefrot gëtt, Geld ze bezuelen.

Ierféierend Geschäftspraktiken

Eng Geschäftspraktik ass ierféierend, wa se Folgendes enthält oder diffuséiert :

  • falsch Elementer déi den duerchschnëttleche Konsument täusche kënnen, oder
  • Elementer déi wouer sinn, mee awer sou duergestallt ginn, dass se zu deem selwechte Resultat féieren,

dat den Duerchschnëttskonsument sou beaflosst, dass hien eng Decisioun hëlt, déi hien anescht net geholl hätt. 

D’Virenthale vun Informatiounen ass ierféierend wann de Professionellen dem Konsument eng weesentlech Informatioun, déi de Konsument brauch, viernthält, verschweigt, se op eng onverständlech, zweedeiteg Manéier oder op der onpassender Plaz gëtt oder ouni déi geschäftlech Intentioun däitlech ze maachen, wéi z.B. d’Identitéit an d’Adress vum Professionellen, de Präis mat sämtlechen Taxen, d’Haapteegeschafte vum Produit.

Am Code gëtt et eng schwaarz Lëscht vun Ëmstänn, déi ënner allen Ëmstänn ierféierend sinn, wéi z.B. :

  • d’Behaaptung, et wär ee Signataire vun engem Code de conduite,
  • ouni Autorisatioun e Qualitéitslabel oder en Equivalent ze affichéieren,
  • d’Behaaptung, dass e Produit zoulässeg ass wann dat net de Fall ass,
  • falsch Informatioune weiderzeginn iwwert d’Méiglechkeete fir de Produit ze fannen, fir de Konsument dozou ze incitéieren, de Produit ze kafen,
  • e Produit als « gratis » ze beschreiwen, obwuel de Konsument weider Fraise muss bezuele wéi déi, déi am Kader vun dem Agoen op d’Geschäftspraktik a vun der Prise de possession vun deem Artikel onvermeidbar sinn.

Weider Informatiounen

Abusiv Klauselen

Artikelen L. 211-1 bis L. 211-7

E Vertrag, deen tëschent engem Professionellen an engem Konsument geschloss gëtt :

  • muss op eng kloer a verständlech Aart a Weis redigéiert si fir dass de Konsument säi Contenu vollstänneg erfaasse kann, an
  • dierf net zu engem signifikanten Ongläichgewiicht féieren, zum Nodeel vun de Konsumenterechter. Am Zweiwel ginn d’Klauselen zu Gonschte vum Konsument ausgeluecht an de Professionelle muss beweisen, dass et keen Ongläichgewiicht gëtt.

De Code de la consommation féiert en effektive Schutz vun de Konsumente géint Klauselen an, déi

  • dem Professionellen eesäiteg Rechter araumen ouni dem Konsument eng Géigeleeschtung ze bidden,
  • déi gesetzlech Garantie bei Vice caché oder Konformitéitsmangel ausschléissen oder aschränken,
  • d’Recht op Reklamatioun a Reparatur aschränken, oder
  • eng Präiserhéijung erlaben ouni dem Konsument d’Méiglechkeet ze gi fir vum Vertrag zréckzetrieden.

Am Code gëtt et och eng schwaarz Lëscht schwaarz Lëscht vu Klauselen, déi als onlauter ugesi ginn.

Garantië vu Wueren 

Artikelen L. 212-1 bis L. 212-11, L. 212-30 an L. 212-31

De Code ënnerscheet tëschent zwee aneren Typpe vu Garantie:

  • déi gesetzlech Konformitéitsgarantie an
  • d’Händlergarantie

déi onofhängeg vunenee fonctionéieren.

Gesetzlech Konformitéitsgarantie

Just déi gesetzlech Konformitéitsgarantie ass gesetzlech verflichtend.

Der Verkeefer ass verflicht, eng Wuer ze liwweren, déi konform zum Vertrag ass an déi Eegeschafte vun Halbarkeet, Funktionalitéit, Kompatibilitéit a Sécherheet opweist, déi fir dës Wuer normal sinn an déi de Konsument och vernünftegerweis erwaarde kann.

Déi gesetzlech Konformitéitsgarantie gëllt fir 2 Joer ab deem Punkt, wou d’Wuer geliwwert gëtt a bezitt sech op Mängel, déi zu deem Zäitpunkt, wou d’Wuer geliwwert ginn ass, scho bestanen hunn.

Bei Konformitéitsmängel, déi an deenen éischten 12 Méint ab der Liwwerung vun der Wuer optriede gëtt dovunner ausgaangen dass se schonn ab deem Zäitpunkt bestanen hunn, et sief dann de Professionelle kann de Géigendeel beweisen.

Wann d’Mängel méi wéi 12 Méint mee manner wéi 2 Joer no der Liwwerung vun der Wuer optrieden, da gëllt déi gesetzlech Konformitéitsgarantie nach ëmmer, mee et ass elo um Konsument fir ze beweisen, dass de Konformitéitsmangel schonn zum Zäitpunkt vun der Liwwerung vun der Wuer bestanen huet, fir an de Genoss vun dëser gesetzlecher Garantie kommen ze kommen.

Am Fall vun engem Konformitéitsmangel huet de Konsument e puer Optiounen :

  • D’Mise en conformité : Reparatur oder Ersatz an engem räsonabelen Delai, ouni dass dem Konsument Fraisen oder gréisser Inconvenienten entstinn, oder
  • Opléisung vum Kontrakt oder eng proportionell Reduktioun vum Präis.

Händlergarantie

D’Händlergarantie gëtt vum Produzent oder Verkeefer ugebueden (deen also och de Garant dofir ass).  

Si ass vollkomme fakultativ an entweeder gratis oder géint Bezuelung.

De Garant bestëmmt fräi iwwer de Contenu an d’Konditiounen dovun (z.B. zousätzlech Garantiejoren oder zousätzlech (Entretiens-)Servicer).

Si gëtt schrëftlech op engem dauerhafte Support an däitscher oder franséischer Sprooch festgehalen, woubäi de Konsument d’Sprooch auswielt.

Garantië fir digital Contenuen an digital Servicer 

Artikelen L. 212-12 bis L. 212-29

Déi gesetzlech Konformitéitsgarantie gëllt och fir digital Contenuen an digital Servicer, zum Beispill : de Kaf vun enger App, vun engem E-Book, vun engem Online-Videospill, den Ofschloss vun engem Streaming-Abonnement, d’Léine vun engem Film online asw. Net ofgedeckt sinn z.B. bestëmmte Gesondheetsservicer, Glécksspillservicer bei deenen et eng Mise vu Geld gëtt oder Finanzservicer.

De Professionellen ass vis-à-vis vum Konsument fir all Konformitéitsmangel responsabel, deen :

  • zum Zäitpunkt vun der Liwwerung vun der Wuer besteet (d.h. vun der Fourniture vum digitale Contenu oder digitale Service), an
  • deen an engem Delai vun zwee Joer ab dësem Moment optrëtt ; dat gëllt och fir digital Contenuen an digital Servicer. Fir kontinuéierlech Fournituren, z.B. en Abonnement, bleift d’Garantie wärend der gesamter Lafzäit vum Kontrakt bestoen.

Wéi och bei deenen anere Wuere gëtt zu Gonschte vum Konsument ugeholl, dass de Konformitéitsmangel schonn zum Zäitpunkt vun der Liwwerung bestanen huet, wann de Mangel bannent 12 Méint ab der Liwwerung vun der Wuer optrëtt. Den digitalen Inhalt oder digitale Service muss dem Vertrag an deene verschiddene Konformitéitsufuerderungen entspriechen.

Ënner objektive Konformitéitsufuerderunge versteet een zum Beispill:

  • där am Vertrag festgehalener Beschreiwung, Quantitéit a Qualitéit entspriechen
  • funktiounsfäeg a kompatibel sinn an iwwert all aner Charakteristike verfügen, déi am Kontrakt festgehale sinn
  • fir säi spezifesche Verwendungszweck gëeegent sinn
  • mat allen Accessoiren an allen Instruktioune geliwwert ginn, zemools wat d’Installatioun an den Update ugeet.

Ënner subjektive Konformitéitsufuerderunge versteet een zum Beispill:

  • fir dee Gebrauch gëeegent sinn, deen ee sech vun digitale Contenuen oder digitale Servicer vum selwechten Typ erwaart
  • konform si mat der Testversioun oder dem Iwwerbléck vum digitale Contenu oder vum digitale Service, deen dem Konsument zur Verfügung gestallt gouf, éier de Kontrakt geschloss ginn ass,
  • informéiert ginn iwwer Updaten, déi néideg si fir dass d’Konformitéit vum digitale Contenu oder dem digitale Service erhale bleift.

De Professionellen (Fournisseur) muss

  • de Konsument doriwwer informéieren, dass Updaten zur Verfügung stinn, an
  • dës Updatë liwwere fir dass d’Konformitéit vun dem « Smart Good » oder der « vernetzter Wuer », dem digitale Contenu oder dem digitale Service séchergestallt ass.

Opgepasst : De Konsument muss déi geliwwert Updaten installéieren, fir dass hie beim Professionelle seng gesetzlech Konformitéitsgarantie kann an Usproch huelen.

Ofhëllef : Wann e Konformitéitsmangel optrëtt, huet de Konsument e Recht op eng Mise en conformité vun dem digitale Contenu oder dem digitale Service, op eng proportionell Reduktioun vum Präis oder eng Opléisung vum Kontrakt.  

Et ginn nei spezifesch Rechter fir digital Elementer verankert :

  • De Konsument kann Ännerungen un den digitalen Elementer, déi iwwer dat erausgi wat am Kontrakt virgesinn ass an dat wat néideg ass fir d’Konformitéit vun der Wuer ze garantéieren (Sécherheet, Maintenance), refuséieren. Hie ka verlaangen dass de Kontrakt opgeléist gëtt, wann déi Ännerung eng grouss negativ Auswierkung op den Accès zu dem digitale Contenu oder dem digitale Service huet.
  • Falls et zu enger Opléisung vum Kontrakt kënnt, kann de Konsument déi verwennt Inhalter recuperéieren.

Liwwerung, zousätzlech Käschten, Risk an Zwangsverkaf

Artikelen L. 213-1 bis L. 213-7

Liwwerung

  • Allgemeng Reegel :
    • D’Liwwerung muss bannent drësseg Deeg no Ofschloss vum Kontrakt erfollegen.
  • Ausnam : de Professionellen an de Konsument eenege sech zesummen op e spéideren Datum.
    • Wann de Professionelle sech net un de Liwwerdatum hält, da verlaangt de Konsument formell vum Professionelle bannent engem neie räsonabelen Delai ze liwweren.
    • Wann de Professionellen d’Wuer net liwwert, huet de Konsument d’Recht, de Kontrakt op der Plaz ze kënnegen a rembourséiert ze ginn.

Zousätzlech Fraisen

  • De Professionellen dierf keng Fraisen (z.B. fir Bank oder Telefon) facturéieren, déi méi héich sinn, wéi déi, déi hie fir e bestëmmte Kontrakt selwer virgestreckt huet.
  • De Konsument muss zousätzleche Payementer ausdrécklech zoustëmmen éier hien e Kontrakt ofschléisst oder eng Offer unhëlt.

Transfert vum Risk

  • De Risk vum Verloscht vun oder Schued un de Wuere geet vum Professionellen op de Konsument iwwer, soubal de Konsument d’Wuer a Besëtz geholl huet oder den Transport vun der Wuer iwwerholl huet.

Liwwerung vun enger Wuer oder engem Service, déi net bestallt goufen/ Zwangsverkaf (och « Zwangssendung »)

  • En Zwangsverkaf ass eng Praktik, bei där engem Konsument eng Wuer heem geliwwert gëtt an hien dann opgefuerdert gëtt, se entweeder zréckzeschécken oder ze bezuelen, obwuel de Konsument näischt bestallt huet.
  • Zwangsverkaf ass verbueden.
  • E Professionellen, dee sech net un dës Bestëmmung hält, ka mat enger Geldbouss bestrooft ginn.
  • De Konsument ass vun all Géigeleeschtung fir eng Liwwerung, déi hien net gefrot huet, befreit.
  • De Konsument ass weeder an der Obligatioun ze bezuelen nach den Objet zréckzeschécken.
  • Wa keng Reaktioun vum Konsument kënnt, ass dat net als Zoustëmmung ze gesinn.

Conseil de la consommation

Artikel L. 312-1.

De Conseil de la consommation ass e berodend Organ, dat zesummegesat ass aus Vertrieder :

  • vun der Regierung,
  • vun Associatiounen, déi sech fir de Konsumenteschutz asetzen, a
  • vum Patronat.

Säin Objet ass et :

  • den Austausch vu Meenungen ze fërderen,
  • d’Concertatioun tëschent deenen eenzele Parteie bei alle Problemer aus dem Beräich Konsumenteschutz ze favoriséieren,
  • op Demande vum Minister, deen de Konsumenteschutz a sengen Zoustännegkeeten huet, Froen, déi him virgeluecht ginn ze préiwen an ze aviséieren.

D’Widderruffsrecht bei Kontrakter « à distance » an ausserhalb vu Geschäftsraim geschlosse Kontrakter

Artikelen L. 222-9 bis L. 222-10

Prinzipiell huet de Konsument en Delai vu 14 Kalennerdeeg fir e Kontrakt « à distance » oder e Kontrakt, deen ausserhalb vu Geschäftsraim geschloss ginn ass, ze widderruffen.  

Hie muss kee Grond ugi fir seng Decisioun ze justifiéieren.

Ausnamen : 

  • (dringend) Servicer, déi schonn erbruecht gi si mat dem ausdrécklechen Averständnes am Viraus vum Konsument,
  • Wueren a Servicer, déi kuerzfristeg groussen an onberechenbare Präisschwankungen ënnerleien, wéi z.B. Edelmetaller oder Wäiner, déi virun der Lies verkaaft ginn,
  • personaliséiert Wueren, déi speziell fir de Konsument hiergestallt oder apprêtéiert gi sinn,
  • verdierflech Wueren, déi séier hifälleg sinn oder aus Grënn vun der Hygiène nom Opmaachen onbrauchbar sinn, wéi z.B. Iesswueren, Zeitungen, Hygiènes- a Kosmetikartikelen…,
  • Enregistrementer, Videoen a Software, wou de Konsument d’Versigelung schonn erofgeholl huet oder se erofgelueden huet,
  • Keef bei ëffentleche Steeën,
  • Servicer zu festgeluechten Datumer, wéi z.B. Ënnerbréngung, Wuerentransport, Locatioun vu Gefierer,
  • Entréeë fir Evenementer am Zesummenhang mat Fräizäitaktivitéiten…

De Professionelle muss de Konsument doriwwer informéieren ob et e Widderruffsrecht gëtt oder net an iwwert d’Konditiounen an d’Modalitéite fir dëst Recht auszeüben (Dauer vun der Widderruffsfrist, wéini dass déi Frist uleeft, asw.).

Wann de Professionellen dës Informatiounen net virum Ofschléisse vum Kontrakt zur Verfügung stellt, da gëtt d’Widderruffsfrist ëm 12 Méint verlängert ab deem Zäitpunkt, wou déi ursprénglech Widderruffsfrist ofgelaf ass. Wa wärend dëser Zäit de Professionellen dem Client déi Informatiounen gëtt, déi vum Gesetz virgesi sinn, da leeft en neien Delai vu 14 Deeg ab deem Datum un, wou de Konsument dës Informatioune kritt huet.

Wann d’Widderruffsrecht ausgeüübt gëtt, gëtt domat de Kontrakt annuléiert.

Därzäit verfüügt de Konsument iwwert kee Widderruffsrecht bei deene meeschte Keef op enger Foire oder bei engem Salon.

Finanzservicer « à distance »

Artikelen L. 222-12 bis L. 222-23

Wann e Konsument e Finanzservice « à distance »  ofschléisst, da kann dat e Service sinn, deen an Zesummenhang mat Banke steet (z.B. e Bankkont opmaachen), mat Kreditter, Investissementer, a Paiementer fir déi de Kontrakt « à distance » geschloss ginn ass, d.h. um Telefon, per Internet, E-mail oder Fax.  

D’selwecht wéi bei de Kontrakter « à distance » mussen och bei Kontrakter « à distance » fir Finanzservicer déi virvertraglech Informatiounsflichten agehale ginn.

Zu all Moment a bis zum Enn vum Kontrakt huet de Konsument d’Recht, d’Vertragskonditiounen op Pabeier ze kréien.

Nom Ofschléisse vum Kontrakt kann de Konsument ouni Fraisen de Kontrakt widderruffen,

  • schrëftlech op Pabeier oder op engem aneren dauerhafte Support,
  • ouni seng Decisioun missen ze begrënnen,
  • bannent engem Delai vu 14 Kalennerdeeg ab dem Dag, wou de Kontrakt ofgeschloss ginn ass, wann et ëm eng Fourniture vu Servicer geet (z.B. wann e Bankkont opgemaach gëtt) oder ab dem Dag vun der Receptioun vun der Wuer (wann et sech ëm eng Liwwerung vu Wueren handelt).

De Konsument kann net op säi Widderruffsrecht verzichten, mol net wann e sou eng Klausel am Kontrakt oder an de Conditions générales ënnerschriwwen huet. Sou eng Klausel gëtt als ongülteg ugesinn.

Wann de Konsument d’Informatiounen net virum Ofschléisse vum Kontrakt kritt an déi konkret Elementer vum Kontrakt virun der Liwwerung vun der Wuer oder dem Ofschléisse vum Kontrakt iwwer Finanzservicer, da fänkt den Delai vu 14 Deeg réischt vun deem Dag u mat lafen, wou hien d’Informatiounen oder déi konkret Elementer vum Vertrag kritt huet.

Déi Prestatiounen ënnerleien och anere Reegelen, jee nodeems, wat fir eng Zort vu Service ugebuede gëtt, z.B. wann et sech beim Finanzservice ëm e Verbraucherkredit handelt.

Aktualiséiert