Passagéier-Rechter

Flug : Annulatioun

Bei der Annulatioun vun Ärem Flug hutt Dir d’Wiel tëschent:

  • De Remboursement vum Ticket ; oder
  • D’Fuerderung no engem Ersatzfliger ënnert vergläichbare Rees-Konditiounen zu engem méiglechst fréien Zäitpunkt.

Wann Dir manner wéi 2 Woche virum Depart iwwert d’Annulatioun informéiert gouft, hutt Dir och nach Usproch op:

  • 250 Euro fir ee Flug bis 1.500 km;
  • 400 Euro fir ee Flug bannent der EU vu méi wéi 1.500 km
  • 400 Euro fir all anere Flug tëschent 1.500 an 3.500 km;
  • 600 Euro fir ee Flug baussent der EU vu méi wéi 3.500 km.

D'Fluggesellschaft muss Iech och verschidde Servicer ubidden,dorënner een Iessen, Gedrénks, 2 Telefonsgespréicher an eng Iwwernuechtung am Hotel. Wann dës Servicë net ugebuede goufen, obwuel dëst hätt misste geschéien, kënnen Iech déi ugefale Käschten och rembourséiert ginn. Opgepasst : d’Fluggesellschaft muss keng Indemnitéite bezuelen, wann d’Annulatioun duerch aussergewéinlech Ëmstänn bedéngt ass. 

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op guichet.lu.

Flug : Verspéidung

Am Fall vun enger Verspéidung muss d'Fluggesellschaft Iech verschidde Servicer offréieren (Gedrénks, Iessen, 2 gratis Telefonsgespréicher), wann de Flug :

  • méi wéi 2 Stonne Retard huet - bei engem Flug vu bis zu 1.500 km;
  • méi wéi 3 Stonne Retard huet – bei engem Flug bannent der EU vun iwwert 1.500 km 
  • méi wéi 3 Stonne Retard huet – bei engem anere Flug tëschent 1.500 an 3.500 km;

D'Indemnitéiten am Fall vun enger Annulatioun stinn Iech och zou, wann de Flug iwwert 3 Stonne Verspéidung huet:

  • 250 Euro - bei engem Flug vu bis zu 1.500 km;
  • 400 Euro  - bei engem Flug bannent der EU vun iwwert 1.500 km an all anere Flug tëschent 1.500 an 3.500 km;
  • 600 Euro - bei engem Flug baussent der EU vun iwwer 3.500 km.

Opgepasst : d’Fluggesellschaft muss keng Indemnitéite bezuelen, wann de Retard duerch aussergewéinlech Ëmstänn bedéngt ass.

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op guichet.lu.

Zuch

Wann een Zuch ausfält, hutt Dir d’Wiel tëschent:

  • gratis Transport iwwert een anere Wee op Är End-Destinatioun:
    • ënnert vergläichbare Konditioune wéi bei der initial geplangter Rees; an
    • zu engem méiglechst zäitnoe Moment; oder
  • gratis Transport iwwert een anere Wee op Är End-Destinatioun:
    • ënnert vergläichbare Konditioune wéi bei der initial geplangter Rees; an
    • zu engem spéideren Zäitpunkt no Wonsch vum Passagéier; oder
  • de Remboursement vum Tieckt an, falls néideg:
    • gratis Transport;
    • zu engem méiglechst zäitnoe Moment op d’Plaz vum Depart.

Bei engem Retard bei der Arrivée hutt Dir och Recht op eng Entschiedegung, ënnert folgende Konditiounen:

  • 25 % vum Präis vum Ticket, wann de Retard tëschent 60 an 119 Minutte läit;
  • 50 % Präis vum Ticket, wann de Retard méi grouss wéi 120 Minutten ass.

Eng Indemnitéit ass net méiglech, wann de Retard duerch Ëmstänn bedéngt ass, déi näischt mam Eisebunns-Betrib am Zesummenhang sinn.

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op guichet.lu.

Bus

Bei der Annulatioun oder dem Retard vun iwwert 120 Minutten oder Overbooking hutt Dir d’Wiel tëschent:

  • d’Rees iwwert eng aner Streck bis op Är Destinatioun weiderfuere – ouni weider Käschten, zu engem méiglechst zäitnoe Moment an ënnert vergläichbare Konditiounen; oder
  • de Remboursement vum Ticket an, falls néideg, den Transport zréck op Ären Depart – ouni weider Käschten, zu engem méiglechst zäitnoe Moment an ënnert vergläichbare Konditiounen.

Wann de Betrib Iech dës Wiel net gëtt, dann hutt Dir nieft dem Remboursement vum Ticket och nach eng Indemnitéit zegutt vu 50 % vum Präis vum Ticket.

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op guichet.lu.

Schëff

Bei iwwert 90 Minutte Retard oder bei enger Annulatioun hutt Dir d’Wiel tëschent:

  • engem anere gratis Transport op Är Destinatioun ënnert vergläichbare Konditiounen an zu engem méiglechst zäitnoe Moment; oder
  • de Remboursement vum Ticket an, falls néideg, den Transport zréck op Ären Depart – ouni weider Käschten, zu engem méiglechst zäitnoe Moment an ënnert vergläichbare Konditiounen.

Bei engem Retard op Ärer Arrivée hutt Dir och Recht op eng Entschiedegung vu 25 % vum Präis vum Ticket, bei folgendem minimalem Retard:

  • 1 Stonn bei enger geplangter Faart vu bis zu 4 Stonnen;
  • 2 Stonne bei enger geplangter Faart vu 4 bis 8 Stonnen;
  • 3 Stonne bei enger geplangter Faart vun 8 bis 24 Stonnen;
  • 6 Stonne bei enger geplangter Faart vun iwwert 24 Stonnen.

Falls de Retard duebel sou héich ass, klëmmt d’Entschiedegung op 50 % vum Präis vum Ticket.

Opgepasst : Eng Entschiedegung ass net méiglech, wann de Retard duerch eng Naturkatastrophe oder schlecht Wieder bedéngt ass an déi de séchere Betrib vum Schëff beaflossen. D’Reegele wéi se hei beschriwwe sinn, gëllen och net fir d’Croisièren. D’Reesen op der Musel an d’Autosfäre vu manner wéi 500 Meter Distanz falen och net ënnert dës Gesetzgebung.

Weider Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir op guichet.lu.

Aktualiséiert