Sécher online akafen

Wärend de Solden, dem Black Friday oder de Chrëschtdeeg ass de Risiko vu Cyberkriminalitéit besonnesch grouss. Well de Konsument ass dacks presséiert, wëll déi neiste Spillsaach oder de leschte Moudeartikel hunn a fäert, dass hien een interessanten Deal riskéiert ze verpassen. Déi Kriminell notzen dës Situtatiou aus, well si wëssen, dass dëst Elementer sinn, déi de Konsument dozou verleede manner opmierksam ze sinn.

Aus dësem Grond hu mir een Dossier opgestallt mat e puer Tipps an Tricks fir sécher online Transaktioune kënnen ze maachen.

Secher kommerziell Websäit

Et soll een ëmmer virsichteg sinn, wann een seng Bankdaten op enger Websäit ugëtt. Iwwerpréift dofir ë. a. dass d’Säit op där Dir surft och sécher ass. Iwwerpréift ob d’URL mat https:// ufänkt, woubäi den "s" uweist, dass d’Kommunikatioun mat der Websäit secher ass an d’Informatiounen, déi iwwerdroe ginn, net kënne gehackt ginn. Ee klengt Sécherheetsschlass steet och dacks am Ufank vun der URL a confirméiert, dass Dir sécher surfe kënnt.

Reputatioun vun der Säit  

Éier een eng Bestellung mech soll een sech vergewësseren, dass d’Websäit och mat engem reelle Betrib a Verbindung steet. Iwwerpréift dofir ë. a. ob – meeschtens um Enn vun der Säit – dës Informatioune stinn :

  • d’allgemeng Geschäftsbedingungen (AGB) oder d’Konditioune fir Déngschtleeschtungen (Abonnement...): si gi wichteg Informatiounen iwwert d’Verkafsbedingungen, d’Liewenskonditiounen, d’Garantie an d’Recht fir d’Produkter zréckzeginn;
  • den "Impressum": Den Impressum präziséiert, ween hannert der Websäit steet an erméiglech et, fir de Standuert vum Betrib ze kennen. Et ass eng Obligatioun, dass d’Websäit d’Identitéit vum Betrib ze erkenne gëtt, z. B. den Numm vum Betrib, déi geographesch Adress a seng Telefonsnummer (Art. 113-1 vum Code de la Consommation).

D‘e-Reputation kann eventuell och kontrolléiert ginn, andeems een de Numm vun der Firma oder vum Produkt an enger Sichmaschinn agëtt, eventuell a Kombinatioun mam Begrëff "Betrug" oder duerch d’Benotze vun Tools fir d’Iwwerpréiwe vun der Seriositéit vun Internetsäiten, wéi z. B. www.scamadviser.com.

Et kann een och d’Meenunge vu Keefer iwwerpréiwen. Et soll een awer prinzipiell ëmmer mësstrauesch géintiwwer Meenunge sinn, déi ze schéi si fir wouer ze sinn ! Sou ass de Professionellen zanter Dezember 2022 dozou verpflicht – duerch dat sougenannten Omnibusgesetz – de Konsument ze informéieren, ob d’Meenunge vu verifizéierte Keefer stamen oder net (Art. 122-3 vum Code de la consommation).

Dropshipping

Bei dëser Method gëtt ouni Lagerbestand online verkaf, wat zu länger Liwwerzäit féiere kann Éier de Konsument säi „Kuerf“ ënnerschreiwt oder confirméiert, ass de Verkeefer verpflicht fir dem Konsument kloer Informatiounen iwwert d’Liwwerung ze ginn (wéi, wéini, wéi vill). Falls net anescht annoncéiert gëllt eng maximal Liwwerzäit vun 30 Deeg.

Déi bestallte Produkter ginn direkt vum Produzent un de Konsument geschéckt, awer d’Liwwerzäite sinn dacks méi laang, wat besonnesch an der Chrëschtdagszäit problematesch ka sinn.

De Konsument huet d’Recht, wann d’Produkt net mat Zäit geliwwert gëtt, de Kontrakt ze kënnegen an seng Suen zréckzefroen. D’Beweislaascht betreffend d’Fuerderung no enger Liwwerung läit beim Professionellen (Art. L.213-7 vum Code de la consommation).

Bankdaten

Späichert Är Nummer vun der Kreditkaart ni op enger Internetsäit of, och wann Dir doduerch Zäit gewannt. Sou evitéiert Dir de Risiko, dass Är Bankdate gehackt kënne ginn. Och wann den Internetbrowser Iech dës Optioun proposéiert, sollt een dëst vermeiden.

Benotzt de private WIFI

Benotzt Äre private WIFI,fir online anzekafen an Är Bankdaten ze iwwermëttelen. Well wann Dir mat engem ëffentlech WIFI verbonne sidd, z. B. an engem Café oder um Flughafen, wësst Dir net mat wéi engem Netz Dir verbonne sidd. Den Zougang zu engem Netzwierk ka vun Onéierleche gemaach gi sinn, déi dann op d’Datë kënnen zréckgräifen. Är Passwierder a Bankdate riskéieren esou an d’Hänn vun Onéierlechen ze geroden.

Websäite fir Occasiouns-Produiten

Wann Dir op Säit fir Occasiounsartikelen oder privat Verkeef ënnerwee sidd, , pass besonnesch op wéi Dir bezuelt. De Produkt perséinlech entgéint huelen a Cash bezuelen ass ëmmer déi bescht Léisung. Oder benotzt geséchert Bezuel-Methoden, déi vun der Verkafsplattformen ugebuede ginn. Et soll een och drop oppassen, dass een op der Plattform bleift. Wann de Verkeefer Iech proposéiert d’Plattform ze verloosse soll een d’Transaktioun refuséieren.

Wichteg ze betounen ass, dass ee Verkaf vun enger Privatpersoun un eng aner Privatpersoun net ënnert de Code de la consommation fält. De Keefer huet deemno kee Recht op eng Garantie de conformité.

Phishing

Opgepasst bei gefälschte Websäiten, déi offiziell Websäiten imitéieren. Et ass besser sech anzeloggen, andeem een de Numm vun der Internetsäit direkt agëtt. Verschidden Onéierlecher duplizéieren d’Websäite vun aneren Händler „eent zu eent“. Och heescht et oppasse bei E-Maile mat engem Link, dat potentiell vu Phishing kënne sinn.

Bedruch mam Pak

Beim Bedruch mat de Päck gëtt eng SMS verschéckt, déi iwwert d’Zoustellung vun engem Pak informéiert. Dir gitt dovun aus, dass dës SMS fir Iech bestëmmt ass, well Dir effektiv op ee Pak waart. A Wierklechkeet awer handelt et sech ëm eng SMS vun Onéierlechen, déi nom Zoufallsprinzip verschéckt gouf, mam Zil Ä Umeldungs-Daten an Är Bankkonten ze kréien.

Aktualiséiert