-
Konferenz: D'Diversitéit vun den offizielle Kontrollen am Liewensmëttelberäich
Zum World Food Safety Day, deen de 7. Juni stattfonnt huet, huet de Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet, zesumme mam Konsumenteschutzministère, eng Konferenz iwwert déi offiziell Kontrollen am Liewensmëttelberäich organiséiert.
-
Presentatioun vum aktualiséierte "Guide de bonnes pratiques d'hygiène" fir d'Entreprisen aus dem Secteur vun den Hotellen, Caféen a Restauranten
De 7. Juni huet d'Federatioun HORESCA, a Presenz vun der Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert, den Update vun hirem "Guide de bonnes pratiques d'hygiène" fir d'Entreprisen aus dem Secteur vun den Hotellen, Caféen a Restauranten zu Lëtzebuerg presentéiert.
-
Consumer Dialogue 2022: D'Konsumenten an hier Besoinen eescht huelen
De Consumer Dialogue vum 27. Abrëll war, mat méi ewéi 60 Participanten aus den ënnerschiddlechste Beräicher, e grousse Succès. D’Suggestioune vun de Participante gi vum Ministère analyséiert.
-
Charta FAIR PRICE – Conclusiounen vum Conseil de la consommation
Op senger Réunioun vum 26. Abrëll 2022 huet de Conseil de la Consommation säi 14. Rapport fir d'Signatairë vun der Charta Faire Prices ugeholl, an deem hie feststellt, dass d'Consignë vun der Charta agehale goufen.
-
Consumer Dialogue 2022: Entwéckelt mat eis
Consumer Dialogue 2022: Entwéckelt mat eis De Konsumenteschutzministère organiséiert, an Zesummenaarbecht mat der europäescher Kommissioun, den 27.
-
Kontroll bei den "Agents de transfer"
Eng Kontroll bei den Agents de transfer huet erginn, dass déi Agencen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, sech un d'Virschrëfte vum Code de la Consommation halen. De Ministère mécht d'Konsumenten awer dorobber opmierksam, dass d'Notzung vun de Servicer vun dësen Agence mat héije Käschte verbonne sinn.
-
Internationale Konsumenteschutz-Dag – Fokus op d'Recht gehéiert ze ginn
De 15. Mäerz 2022 ass, ewéi all Joer, den internationale Konsumenteschutz-Dag, un deem un déi 4 Grondrechter erënnert gëtt, déi d'Verbraucher hunn: d'Recht op Sécherheet, d'Recht op Informatioun, d'Recht ze wielen an d'Recht gehéiert ze ginn.
-
Foiren a Salone – Obligatioun d'Präisser unzeweisen
Am Kontext vum Spring Break erënnert de Konsumenteschutzministère dorunner, dass d'Exposanten de Präis vu Produiten an Déngschtleeschtung vu Produiten a Servicer mussen an Euro, mat allen Taxen, um Produit selwer ubréngen oder no dobäi, esou dass d'Konsumenten en erkennen a liese kënnen.
-
Transnational Kollaboratioun ronderëm de Nutri-Score – De wëssenschaftleche Kommitee an de Lenkungsausschoss hunn hiren éischte Joresrapport publizéiert
Am Februar 2021 hu sech 7 europäesch Länner, dorënner Lëtzebuerg, zesummegedoe fir d'Aféierung vum Nutri-Score ze ënnerstëtzen.
-
On the road to sustainable fashion
An Zesummenaarbecht mat Caritas Lëtzebuerg, am Kontext vun hirem Projet zu nohaltegen Textilien https://rethink.lu/, organiséiert de Ministère fir Konsumenteschutz eng Table ronde.
-
Diskutéiert mat! – Participatioun un den Diskussiounsgruppen: No der Ëmfro zu de Préoccupatioune vun de Konsumenter organiséiert de Konsumenteschutzministère Diskussiounsgruppen fir déi opgeworfe Sujeten ze verdéiwen
Méi ewéi 1.000 Äntwerten an 3 Deeg, d'Ëmfro, déi de Konsumenteschutzministère Mëtt Februar lancéiert huet, as op groussen Interessi bei de Verbraucher gestouss. An enger 2. Phase, well de Ministère déi opgeworfen Theme verdéifen an zielt op d'Participatioun vun all de Parties prenantes un den Diskussioungruppen, déi ab Mëtt Mäert organiséiert ginn.
-
Schwätzt mat – Consumer Dialogue organiséiert vum Konsumenteschutzministère an der Europäescher Kommissioun
Déi nei Verbraucheragenda beschreift d'vebraucherpolitesch Aarbecht vun der Europäescher Kommissioun an den nächste fënnef Joer. Si fält souwuel an d'Zoustännegkeet vun de Memberstaaten, wéi och vun der Europäescher Unioun a muss dowéinst souwuel op nationalem ewéi um EU-Niveau verstanen an ënnerstëtzt ginn.
-
De Flux vun den Textilen zu Lëtzebuerg
Dëst Dokument interesséiert sech fir de Flux vun den Textilen zu Lëtzebuerg, mat engem Accent op d'Quantifikatioun vun den Textiloffäll.
-
Beschte Projet an der nohalteger Consommatioun
De Konsumenteschutzministère ënnerstëtzt d'Luxembourg Tech School an Uni.lu bei der Entwécklung vun innovativen digitale Projeten.
-
Verbuet vum Colorant E171 – D'Autoritéiten hunn de Secteur informéiert
D'Reglement zum Verbuet vum Titandioxid, enger Substanz, déi ënner anerem a Séissegkeeten, Knätsch, Pâtisserie, Zoppen oder fäerdeg Produiten benotzt gëtt, gouf de 14. Januar 2022 publizéiert.
- 1
- 2
- 3
- 4
- Lescht Säit