Vergläicht d'Präisser an iwwerleet virum Kaf – D'Entscheedung läit bei Iech!

Och bei grousse Promotiounen a Reduktioune soll een iwwerluecht akafen, d'Präisser vergläichen an d’Noutwennegkeet vum Kaf hannerfroen. Well eng lackeleg Offer ass nëmme gutt wann se wierklech ee Besoin ofdeckt.

Vertraut net blann de Promotiounen

Wann ee Produkt bëlleg ass, sou heescht dat net automatesch, dass et sech trotzdeem ëm eng gutt Offer dréint. Schenkt de Sloganen am Genre "50 € amplaz 100 €" oder "Mega-Rabat vun 70%" kee blannt Vertrauen. Huelt Iech déi néideg Zäit fir de Präis vum Produkt an d’Entwécklung vum Präis ze iwwerpréiwen.

Kuckt och eis Dossier iwwer "Dark Patterns", déi gefälschten oder manipulativ Internet-Techniken, déi absichtlech esou gestallt sinn, dat si Iech zu Entscheedunge verleeden, déi Dir ouni si ni geholl hätt. déi Iech dozou brénge sollen, Entscheedungen ze treffen, déi Dir anescht net geholl hätt.

Et ass och wichteg ze wëssen, datt net legal ass, fir de Präis ze erhéije fir duerno ee Rabatt mat engem extrem reduzéiertem Präis ze applizéieren, well ee falsche Präis virgetäuscht gëtt. D'Gesetz verlaangt, fir dass all annoncéiert Reduktioun der Realitéit entsprécht. Dëst bedeit, wann eng Präis-Reduktioun affichéiert gëtt, de Vergläichspräis deen niddregste Präis muss sinn, deen och effektiv innerhalb vun de leschten 30 Deeg applizéiert gouf.

Bewäertunge vun anere Keefer

Wann e Produkt an engem Online-Buttek fënnef Stären huet, sou heescht dat net onbedéngt, dass dëst ee Produkt vu gudder Qualitéit ass. Et huet vläicht nëmmen eng eenzeg Bewäertung oder d’Evaluatioun gëtt eventuell duerch falsch Bewäertungen beaflosst.

Verloosst Iech net exklusiv op d‘Endbewäertung vun engem Produkt, mee liest d‘Inhalter vun de Kommentaren an iwwerpréift ob de Professionellen och garantéiert, dass d’Avise vu reelle Verkeef sinn, fir Iech géint falscht Avisen ze schützen. Iwwerpréiwt ob déi positiv Bewäertungen sech net wéi Reklammen unhéieren, respektiv ob vill Avisen gläichzäiteg gepost goufen. Well ass dëst de Fall, sou soll ee virsichteg sinn. Den Zweck vun engem Avis ass et, Iech ze hëllefen eng informéiert Kafentscheedung op Basis vun authentesche Bewäertungen ze huelen. Wann de Site keng Iwwerpréiwung vun authenteschen Avise mécht, sou soll een de Bewäertungen ëmmer kritesch géintiwwer stoen. An der Reegel mussen dës wichteg Informatiounen nämlech och kloer an däitlech ze erkenne sinn.

Allgemeng Geschäfts-Bedingungen

Kontrolléiert ëmmer de Gesamt-Präis, inklusiv Liwwerkäschten, a liest déi allgemeng Geschäfts-Bedingungen, ë. a. wat d’Handhabung vun de Retouren an d’Garantië betrëfft. Verschidde Websäite verbannen hiren eegenen Online-Buttek mat enger Verkafsplattform. Stellt sécher, datt keen anere Verkeefer (ausser dem vun där Säit op där Dir sidd) genannt ginn. Wann Dir bei engem drëtte Verkeefer kaaft, musst Dir och déi allgemeng Geschäfts-Bedingunge vun dëser Plattform berücksichtegen.

Präferenz fir Onlinekaf innerhalb vun der EU

Et ass recommandéiert Onlinekaaf op lëtzebuergeschen oder EU-Websäiten ze maachen, fir méi Sécherheet bei Garantie a Clientenservice ze hunn.

Et muss een sech och bewosst sinn, dass sech beim Kaf op enger Websäit ausserhalb vun der EU, nach TVA an aner Steieren, Douanes-Taxen an Importkäschten kënnen applizéieren. Dës Käschte ginn an der Reegel direkt beim Transporteur bezuelt wann de Pak geliwwert gëtt. Zanter dem Brexit gëllt dëst och fir Päck aus dem Vereenegte Kinnekräich.

Opgepasst op Phishing an Online-Bedruch

Wann eng Offer ze schéi schéngt fir wouer ze sinn, da soll een aus Prinzip virsichteg sinn. Zum Beispill kann e Link an enger Reklamm op Facebook, Instagram oder enger E-Mail Iech op eng falsche Websäit verweisen déi vu Cyberkriminellen erstallt gouf. Wann Dir do Är perséinlech Daten oder Bankinformatiounen ugitt, riskéiert Dir, dass Är Identitéit geklaut gëtt an/oder Äre Bankkonto eidel geraumt gëtt. Iwwerpréift dofir ëmmer d’URL an ob Dir Iech op enger gesécherter Säit befannt (https oder d’Symbol vun engem Sécherheets-Schlass bei der URL).

Zéckt net, eisen Dossier iwwer Sécher online akafen ze consultéieren fir méi Informatiounen zu dësem Thema ze kréien.

Kontrolléiert Är Bestellung bei der Liwwerung

De Verkeefer muss garantéieren, dass d'Produkt dat bestallt gouf och der Bestellung entsprécht. Wann d'Produkt deem net entsprécht oder beschiedegt ass, ass dëst dem Verkeefer seng Verantwortung. Dofir soll een d'Produkt ëmmer direkt kontrolléieren a séier handele falls néideg. Wann Dir de Problem direkt bemierkt, refuséiert de Pak a schéckt en zréck. Wann Dir de Problem eréischt méi spéit feststellt, kontaktéiert de Verkeefer (meeschtens ass op de Verkafsplattformen ee Formular oder eng E-Mail-Adress dofir virgesinn). Wann Dir keng Äntwert sollt kréien, schéckt een ageschriwwene Bréif.

Sammelt Beweiser wéi z. Bsp. Fotoen de de Problem beleeën. Dir hutt d’Recht op eng nei Liwwerung / Ersatz oder e Remboursement.

Verantwortungsbewosste Konsum

Vill Websäiten bidde Promotioune fir Produkter un, déi een eigentlech net wierklech braucht. Et ass also sënnvoll am Virfeld eng Kaf-Lëscht ze maachen, fir ze gesinn, ob déi Produkter déi Dir och wëllt eventuell zu engem gudde Präis zum Verkaf stinn. Sou kann een onerwënscht Impulskeef vermeiden.

Fir eng verantwortungsbewosste Konsum soll een och op d‘Reparabilitéit vum Produkt, verfügbar Ersatzdeeler, den Energieverbrauch oder de Liwwerdistanz oppassen. Méi Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir och an eisem Dossier iwwer verantwortungsvolle Konsum.