„Dark Patterns“ beim Online-Shoppen: Eng Manipulatioun, op déi een oppasse soll

Wann Dir reegelméisseg Onlineshopping maacht, sidd Dir bestëmmt schonn op d‘mannst eng Kéier mat Dark Patterns confrontéiert ginn. Dark Patterns si gefälschten oder manipulativ Internettechniken, wei z.B. Textnoriichten, Präsentatiounen oder besonnesch Funktiounen, déi absichtlech esou gestallt sinn, dat si Iech zu Entscheedunge verleeden, déi Dir ouni si ni geholl hätt.

Den Internationale Reseau fir Konsumenteschutz an -iwwerwaachung (RICPC) huet d'Resultater vun enger Etüd iwwer Dark Patterns op Internetsäiten an an Apps bekannt ginn (Link op Englesch). D'Resultater sinn alarméierend: Méi wéi 76 % vun den ënnersichte Säiten hunn op mannst een Dark Pattern genotzt, a bal 67 % hunn der méi benotzt. Dës Praktike goufen no de Beschreiwungen aus dem OECD-Rapport 2022 „Dark Commercial Patterns“ (op Englesch) klassifizéiert, deen op déi wuessend Besuergnisser iwwer dës Taktiken hiweist an hir Auswierkungen op d'Konsumenten, andeems se beaflosst, beduckst oder manipuléiert ginn.

Hei si sechs vun dësen Taktiken, op déi Dir oppasse sollt, wann Dir déi nächste Kéier online akaaft:

Countdown-Compteur

Stellt Iech vir, Dir surft duerch en Online-Shop an Dir gesitt eng ganz limitéiert Remise mat engem Countdown-Compteur, deen Iech dozou dréckt, séier ze handelen. Dëst kreéiert e Gefill vun Drénglechkeet, dat Iech dozou féiere kann, eng impulsiv Kafentscheedung ze treffen, aus Angscht, d'Offerte ze verpassen, och wann dës Remise vläicht net sou limitéiert ass, wéi se ausgesäit.

Verstoppt Informatiounen

Wichteg Detailer, wéi de Gesamtkäschtepunkt oder d'Konditioune vun engem Abonnement, ginn dacks a laange Geschäftsbedingunge verstoppt oder déif op enger Websäit verstoppt. Dës Taktik profitéiert vun de Konsumenten, déi net all d'Klausele genau liesen, oft a klenge Schrëften, wat zu onerwaarte Käschten oder Verflichtunge féiere kann.

Belästegung

Persistent Opfuerderungen a Pop-ups, déi Iech stänneg opfuerderen, spezifesch Aktiounen ze huelen, wéi eng Newsletter ze abonnéieren oder en Artikel an de Wuerekuerf ze leeën, kënnen Är Widderstandsfäegkeet mat der Zäit ofbauen. Dës konstant Belästegung kann Iech dozou bréngen, Entscheedungen ze treffen, déi Dir soss net geholl hätt.

Abonnements-Falen

E gratis Testabo ka lackeleg wierken, mee oft entwéckelt et sech zu enger deierer Abonnements-Fal. No der Testperiod stellt een awer fest, dass een e Joresabonnement verrechent kritt, wärend de d’Prozedur fir de kënnegen a komplizéierte Links an am Kleng-Gedréckte verstoppt ass.

Gezwongen Umeldung an Intrusiounen an d'Privatsphär

D'Umeldung fir en neie Service ka verlaangen, datt Dir Iech registréiert an Är perséinlech Donnéeën deelt, mat Standard-Astellungen, déi dacks esou ageriicht sinn, datt Donnéeë mat Drëttpartner gedeelt ginn. Dës Taktiken si geduecht, sou vill Datë wéi méiglech ze sammelen, oft ouni datt de Konsument d'Implicatiounen komplett versteet.

Hürde bei der Kënnegung

Et ass meeschtens einfach, sech fir e Service unzemellen, mee wann et drëms geet, dëse Service ze kënnegen, fannt Dir Iech vläicht an engem Labyrinth vu komplexe Prozeduren, verstoppte Knäppercher oder der Noutwennegkeet, mam Service à la clientèle ze schwätzen, erëm. Dës Taktike maachen et vill méi schwéier, e Service ze kënnegen, wéi sech unzemellen.

Weltwäiten Impakt

Mat der Zounam vun Dark Patterns op Internetsäiten an an Apps stellen dës eng bedeitend Erausfuerderung fir Konsumenten op der ganzer Welt duer. Wann een online akeeft stéisst een ëmmer méi oft op dës Praktiken a verschiddenste Formen. Dës Taktiken z'erkennen ass entscheedend, fir ze verhënneren, potenziell schiedlech Entscheedungen ze huelen. Wann mir informéiert an oppassen, kënne mir kollektiv en digitale Maart fërderen, deen Transparenz, Fairness an ethesch Praktiken an de Mëttelpunkt stellt.

Source : OCDE-Blog

Wéi kann ee sech wiëren?

Loosst Iech net dreiwen

Huelt Iech déi néideg Zäit fir Informatiounen ze sichen iwwert de Verkeefer, d’Qualitéit vum Produit, d‘Liwwerungskonditiounen, d’Widderrufsrecht, d’Meenung vun anere Konsumenten asw.

Vergläicht de Präis mat aneren Online-Plattformen, awer och mam lokalen Handel.

Bleift kritesch

Bei lackelegen Offeren, extreme Promotiounen an aggressiven Argumenter soll ëmmer gëllen : Opgepasst! Wann et ze schéin ass fir wouer ze sinn, dann ass et meeschtens och net wouer.