FAQ Verbraucher

Wien ass e Konsument?

E Konsument ass eng natierlech Persoun, déi net am Kader vun hirer geschäftlecher, industrieller, handwierklecher oder fräiberufflecher Aktivitéit handelt. 

Si handelt zu engem privaten Zweck.

Wien ass e Professionellen?

E Professionellen (Fachmann) ass eng natierlech oder juristesch Persoun (Societéit, Betrib…), déi am Kader vun hirer geschäftlecher, industrieller, handwierklecher oder fräiberufflecher Aktivitéit handelt.

Wat ass déi gesetzlech Konformitéitsgarantie a wéi kann ee se revendiquéieren?

Déi gesetzlech Konformitéitsgarantie gëllt nëmme fir Kafverträg, déi tëschent engem professionelle Vendeur an engem Konsument ofgeschloss gi sinn.

Wann Dir bei engem professionelle Vendeur eng nei Wuer kaaft, da profitéiert Dir automatesch vun der gesetzlecher Konformitéitsgarantie mat enger Lafzäit vun 2 Joer ab deem Moment, wou d’Wuer geliwwert ginn ass, d.h. wou Dir se an Empfang geholl hutt.

Wann an deenen 2 Joer bei där Wuer e Mangel optrëtt, da kënnt Dir vun dem professionelle Vendeur verlaangen, dass hien déi Wuer reparéiert. Et ass och äert Recht ze verlaangen, dass d'Wuer ersat gëtt, dass Dir e proportionelle Rabatt op de Präis kritt, oder dass de Kontrakt opgeléist gëtt.

Wat ass e Konformitéitsmangel?

E Konformitéitsmangel läit fir wann:

  • d’Wuer net de Krittäre vum Kontrakt entsprécht,
  • d’Wuer net der Beschreiwung vum professionelle Vendeur entsprécht,
  • d’Wuer net déi Eegenschaften huet, déi den Echantillon oder d’Muster haten, déi Iech presentéiert goufen,
  • d’Wuer net déi Eegenschaften huet, déi een normalerweis vu sou enger Saach erwaarde kann, se funktionéiert z.B. net anstänneg oder huet nëmmen en Deel vun de Funktionalitéiten.

Wann dee Mangel zum Zäitpunkt vun der Liwwerung vun der neier Wuer besteet a sech an engem Zäitraum vun 2 Joer no dëser Liwwerung weist, da kënnt Dir d’gesetzlech Konformitéitsgarantie bei dem Verkeefer revendiquéieren, deen Iech d’Wuer verkaaft huet.

Wat ass den Ënnerscheed tëschent der gesetzlecher Konformitéitsgarantie an der Händlergarantie?

Déi gesetzlech Konformitéitsgarantie gëllt automatesch, wann eng Saach vun engem professionelle Vendeur un e Konsument verkaf gëtt.

D’Händlergarantie ass e fakultative Kontrakt, dee fräiwëlleg tëscht dem Vendeur oder Produzent an dem Konsument ofgeschloss gëtt. Si kann entweder gratis sinn oder muss vum Konsument bezuelt ginn.

D’Konditioune vun der Händlergarantie mussen explizitt a kloer am Kontrakt op Franséisch oder op Däitsch beschriwwe ginn. Si kënne virgesinn, dass de Konsument seng Wuer ka reparéiere loossen.

Wann e Mangel am Kader vun enger Händlergarantie festgestallt gëtt, da gëllen d’Konditioune vun Ärem Vertrag.

Muss een dem professionelle Vendeur géintiwwer e Beweis fir de Mangel erbréngen, fir déi gesetzlech Konformitéitsgarantie kënnen ze revendiquéieren?

Fir dass déi gesetzlech Konformitéitsgarantie applizéiert gëtt, muss de Mangel schonn zu deem Zäitpunkt bestanen hunn, wou d’Wuer Iech geliwwert gouf.

Wann de Mangel an deenen éischten 12 Méint optrëtt, da gëllt eng Rechtsvermutung, d.h. et geet een dovun aus, dass dëse Mangel schonn zum Zäitpunkt vun der Liwwerung vun der Wuer bestanen huet an dass Dir automatesch d’Recht hutt, déi gesetzlech Garantie ze revendiquéieren, ouni dass Dir e Beweis virleeë musst.

No deenen 12 Méint gëllt déi Rechtsvermutung net méi an Dir musst dem professionelle Vendeur, deen Iech d’Wuer verkaaft huet, beweisen, dass de Mangel schon zum Zäitpunkt vun der Liwwerung bestanen huet.

Fir Kontrakter, déi virum 1. Januer 2022 ofgeschloss goufen, gëllt dat aalt Gesetz mat engem 6-Méint-Délai am Plaz 12 Méint.

Gëllt déi gesetzlech Konformitéitsgarantie och fir online Akeef?

Jo.

Dir kënnt Är gesetzlech Konformitéitsgarantie bei dem professionelle Vendeur revendiquéieren, deen Iech d’Wuer verkaf huet, egal op Dir se am Internet oder an engem Geschäft kaaft hutt.

Gëllt déi gesetzlech Konformitéitsgarantie och fir Occasiouns-Saachen?

Jo.

Am Prinzip gëllt bei Wueren, déi een als Occasioun keeft, och eng gesetzlech Konformitéitsgarantie vun 2 Joer.

Allerdéngs huet de Vendeur d’Recht, Iech schrëftlech eng méi kuerz Lafzäit fir d’Garantie unzebidde wann et Wueren aus zweeter Hand sinn. Déi Lafzäit dierf awer op kee Fall manner wéi 1 Joer sinn.

Wéi eng Garantië gëlle fir Occasiounsautoen?

Bei den Autoe gëtt et e Sonderfall :

  • wann den Datum vun der éischter Zouloossung manner wéi 1 Joer hier ass, da gëllt déi gesetzlech Konformitéitsgarantie vun 2 Joer, genee wéi bei enger neier Wuer.
  • wann den Datum vun der éischter Zouloossung méi wéi 1 Joer hier ass, da gëllt déi gesetzlech Konformitéitsgarantie fir Occasiouns-Saachen, déi op d’mannst 1 Joer muss sinn.

Wéi eng virvertraglech Informatioune musst Dir virum Kaf vun enger Wuer kréien?

Éier e Kafvertrag ofgeschloss gëtt, muss de professionelle Vendeur :

  • Iech op eng kloer a verständlech Manéier iwwert déi wesentlech Eegenschafte vun der Wuer informéieren, an
  • Iech informéieren, dass et eng gesetzlech Konformitéitsgarantie gëtt an ob et e Service après-vente an eng Händlergarantie gëtt oder net. Ausserdeem muss hien Iech iwwert d’Konditiounen informéieren, déi gëllen.
Ass d’Reparatur vun enger Wuer, déi e Konformitéitsmangel opweist, gratis?

Jo.

D’Reparatur vun enger Wuer mat engem Konformitéitsmangel ass gratis.

D’Reparatur muss:

  • ouni Käschte gemaach ginn (inklusiv d’Käschte fir d’Expeditioun, den Transport, de Maacherloun oder d’Material),
  • bannent engem räsonabelen Delai gemaach ginn,
  • ouni gréisser Onannehmlechkeet fir Iech gemaach ginn (eng gréisser Onannehmlechkeet ass z.B. wann Dir iwwert eng gewëssen Zäit net iwwert Är Wuer verfüge kënnt oder wann Dir e komplexen Transport organiséiere musst, fir dass d’Wuer reparéiert gi kann).
Gëtt den Delai vun der gesetzlecher Konformitéitsgarantie duerch d’Reparatur verlängert?

Neen.

Den ursprénglechen Delai vun zwee Joer leeft weider.

Eng nei gesetzlech Konformitéitsgarantie  vun zwee Joer gëtt et just fir déi Stécker, déi bei der Reparatur ersat gi sinn.

Kann de professionelle Vendeur am Kader vun der gesetzlecher Konformitéitsgarantie eng Reparatur vun enger Wuer refuséieren?

Wann d’Reparatur net méiglech ass oder wann et fir de Vendeur mat onverhältnesméisseg héije Käschte verbonne wier, fir d'Wuer ze reparéieren, da kann hie refuséieren, déi Wuer ze reparéieren.

Wann dat de Fall ass, dann hutt Dir d’Recht op:

  • den Ersatz vun der Wuer, oder
  • e proportionale Rabatt op de Präis, oder
  • d’Opléisung vum Vertrag (Dir musst dem Vendeur d’Wuer zréckginn, fir da vun him e Remboursement ze kréien).
Wat geschitt, wann Dir eng Wuer reparéiere gelooss hutt an d’Reparatur net konform ass oder net funktionéiert huet?

Wa bei der Wuer wärend der Lafzäit vun der gesetzlecher Konformitéitsgarantie Mangel festgestallt gëtt, deen Dir wëllt reparéiere loossen, da musst Dir Iech un de professionelle Vendeur wenden, deen Iech déi Wuer verkaf huet.

Wann de Mangel duerch d’Reparatur awer net behuewe ginn ass, dann hutt Dir d’Recht op:

  • den Ersatz vun der Wuer, oder
  • e proportionale Rabatt op de Präis, oder
  • d’Opléisung vum Vertrag (Dir musst dem Vendeur d’Wuer zréckginn, fir da vun him e Remboursement ze kréien).

Wann den Delai vun der gesetzlecher Konformitéitsgarantie ofgelaf ass oder wann et kee Konformitéitsmangel ass (wann Dir z.b. eng Wuer wëllt flécke loossen, déi beschiedegt gouf):

  • an Dir d’Reparatur vun engem professionelle Reparateur maache loosst : da schreift Äre Vertrag mam Reparateur him vir, dass hien d’Reparatur nach eng Kéier maache muss.
  • an Dir d’Reparatur vun enger Persoun maache loosst, déi kee professionelle Reparateur ass : sou eng Situatioun muss individuell gepréift ginn.
Kréien ech eng Rechnung, wann am Kontext vun der gesetzlecher Konformitéitsgarantie oder der Händlergarantie eng Reparatur u menger Wuer gemaach gi muss?

Jo.

Op der Rechnung muss vermierkt sinn, wéi eng Aarbechte gemaach goufen, wéi d'Dauer vun deenen Aarbechte war an eventuell och, wéi eng Stécker ersat oder dobäigesat goufen.

Wat ass e Service après-vente?

Et gëtt keng rechtlech Definitioun fir e Service après-vente an et gëtt och keen rechtlechen Usproch op e Service après-vente.

De professionelle Verkeefer muss Iech virum Kaf vun der Wuer informéieren, ob sou ee Service ugebuede gëtt oder net.

Schreift de Code de la Consommation vir, dass de Konsument spezifesch Informatiounen iwwert d’Reparabilitéit vun der Wuer kritt?

Neen.

De Code de la Consommation gesäit sou eng Mesure net vir, et sief dann, de Fait, dass se reparéiert gi kann ass eng weesentlech Eegenschaft vun der Wuer (z.B. wann et eng liewenslaang Garantie op déi Wuer gëtt). An deem Fall muss de Konsument iwwert de Grad u Reparabilitéit informéiert ginn.

Frankräich huet 2011 de Reparatur-Index agefouert, deen een op Wäschmaschinnen, Televisiounen, Laptoppen, an elektresche Méimaschinne fënnt. Wat den Index méi héich ass, wat déi respektiv Apparater sech besser flécke loossen.

Et ass am Ament net virgesinn, dësen Index och an anere Länner vun Europa anzeféieren.

Soll ech e schrëftleche Kontrakt ofschléissen, wann d’Reparatur vu menger Wuer net am Kader vun enger Garantie gemaach gëtt?

Et muss ee kee schrëftleche Kontrakt ofschléissen, mee et gëtt awer recommandéiert.

Och wann et kee schrëftlech Kontrakt gëtt, hutt Dir déi selwecht Rechter, mee et kéint méi schwiereg ginn, fir de Beweis ze bréngen.

Wat geschitt, wa keng Ersatzdeeler disponibel sinn, fir d’Wuer ze reparéieren?

Den 1. Oktober 2019 huet d’Europäesch Kommissioun d’Eko-Design-Reglementer adoptéiert, déi fir bestëmmte Wueren eng Mindestzäit virgesinn, fir déi Ersatzdeeler mussen disponibel sinn an och en Accès op Informatioune virgesi fir den Entretien an d’Reparatur vun dëse Wueren.

Dat gëllt ënner anerem fir Frigidairen, Wäschmaschinnen a Spullmaschinnen.

Wéi ass et mat Veräiner/Benevollen, déi e Reparaturservice ubidden?

Wann d’Veräiner/d’Benevollen en onbezuelte Service ubidden, kënne si dat maan, dat steet net am Géigensaatz zum Droit d’établissement. Allerdéngs gëllen an deem Fall d’Modalitéite fir d’Garantien, déi sech aus dem Konsumenteschutzgesetz erginn, net.

Wat elo d’Responsabilitéit vum Veräin oder dem Benevole ugeet, deen en onbezuelte Reparaturservice ubitt, do kann de Veräin oder de Benevole eng Haftflichtversécherung ofschléissen, déi dann de Veräin, de Kommitee, d’Memberen an d’Benevollen ofdeckt, déi am Veräin aktiv sinn.

Wann d’Veräiner e remuneréierte Reparaturservice ubidden, da gi se mat engem professionelle Fachmann gläichgestallt. An deem Fall gëllen d'Bestëmmunge vum Code de la Consommation.

Oft schaffen d’Veräiner mat engem professionelle Fachmann zesummen, deen déi noutwendeg Handelsermächtegung huet an op déi Manéier kann de Veräin déi verschidde rechtlech Krittären erfëllen, déi sech doraus erginn.

Aktualiséiert