Repairing

Introductioun

Vill Konsumente wëllen op eng méi nohalteg Aart a Weis konsuméieren an optéiere fir eng Reparatur vun hire Gidder éier se drun denke fir se ze remplacéieren.

Et gëtt ëmmer méi benevole Veräiner, déi d’Reparatur vu bestëmmte Produiten ubidden an et ginn och an ëmmer méi Gemenge „Repair Cafés“.

Bei der Kreeslafwirtschaft geet et drëm, de Wäert vu Produiten a Materialien ze erhalen oder souguer ze steigeren an dofir ze suergen, dass se ëmmer erëm a kontinuéierleche Kreesleef weider verwent ginn, sou dass de Begrëff „Offall“ ofgeschaaft gëtt. D’Reparatur an den Entretien si wichteg Elementer, wann et drëm geet, an dësem Wirtschaftsmodell Wäert ze erhalen.

Am Beräich Reparatur ginn et nach vill oppe Froen, sief dat, wat d’Garantien ugeet, d’Responsabilitéit wann eng Reparatur vu benevole Mataarbechter gemaach gëtt, d’Verfügbarkeet vu den néidegen Ersatzdeeler, asw.

Nationale Gesetzeskader

De respektive lëtzebuergesche Gesetzeskader wat d’Relatiounen tëschent engem Professionellen an engem Konsument ugeet, gëtt virun allem am Code de la Consommation festgeluecht.

Hei ginn d’Garantië reglementéiert, déi bei enger Reparatur gëllen an och déi virvertraglech Informatiounen, déi dem Konsument mussen zur Verfügung gestallt ginn.

An engem FAQ ginn déi dréngendst Froe beäntwert, déi d’Konsumente sech par Rapport zum Repairing stelle kéinten.

Da kommen nach d’Bestëmmunge vum lëtzebuergeschen Droit d’Etablissement dobäi, déi definéieren, wat fir eng Reparaturservicer déi eenzel Beruffer ubidden dierfen.

All Professionellen, dee géint Bezuelung Reparaturen ubitt, muss eng Nidderloossungsgeneemegung hunn.

D’Konditioune fir déi adequat Autorisatioun ze kréie sinn ënnerschiddlech, jee nodeems wat fir eng Produiten de Fachmann flécke wëll.

Den europäesche Gesetzeskader

Op europäeschemNiveau gëtt iwwer verschidde Gesetzer a Virschléi zu dësem Thema diskutéiert, d.h. iwwert d’Ufuerderungen, déi sech direkt op de Produit bezéien an iwwer d’Méiglechkeete fir dem Konsument déi néideg Moyenen ze ginn, fir e gudde Choix treffen ze kënnen.

Den Öko-Design vu Produiten

Vum Mäerz 2021 un ëmfaassen d‘Gebrauchsuweisunge fir d’Installateuren an d’Endverbraucher an och déi fräi zougänglech Internetsitte vun de Fabrikanten, den Importateuren oder de Mandatairen ënner anerem folgend Informatiounen :

  • « Accès op professionell Reparaturdéngschter, virun allem Internetsäiten, Adressen, Coordonnéeën »;
  • « pertinent Informatioune fir Ersatzdeeler ze bestellen, entweeder direkt oder iwwer aner Kanäl, déi vum Fabrikant, vum Importateur oder vum Mandataire zur Verfügung gestallt ginn »;
  • « d’Mindestzäit wärend där d’Ersatzdeeler déi fir d’Reparatur néideg si verfügbar sinn »;
  • « d’Mindestzäit vun der Garantie fir den Apparat, déi vum Fabrikant, vum Importateur oder vum Mandataire gebuede gëtt »
  • déi eventuell Auswierkunge vu Reparaturen, déi den Utilisateur oder e Laie mécht fir d’Sécherheet vum Endverbraucher a fir d’Garantie ;

an dat fir folgend Apparater :

Disponibilitéit vun Ersatzdeeler

D’Öko-Design-Reglementer, déi d’Kommissioun 2019 adoptéiert huet gesi fir, dass fir verschidden Apparater Ersatzdeeler fir eng bestëmmte Mindestdauer nom Kaf musse verfügbar sinn an dat gëllt och fir den Accès op Informatiounen iwwert den Entretien an d’Reparatur vun den Apparater.

D’Verfügbarkeet vun den Ersatzdeeler hänkt vun deene jeeweilege Produiten of, vun der Zort vun Ersatzdeeler an de Persounen, déi dorop kënnen Zougrëff kréien.

Ausserdeem suergen d’Fabrikanten dofir, dass d’Ersatzdeeler kënne mat Geschier agebaut ginn, dat allgemeng verfügbar ass, ouni dass doduerch un deem betraffenen Apparat irreversibelen/permanente Schued entsteet.

D’Lëscht vun den Ersatzdeeler an d’Prozedur fir se ze bestelle si spéitstens zwee Joer nodeems déi éischt Unitéit vun engem Fabrikat op de Marché komm ass a bis zum Enn vun der Mindestzäit, wou déi Ersatzdeeler musse verfügbar sinn op der Internetsäit vum Fabrikant, vum Importateur oder vum Mandataire fir d’Ëffentlechkeet zougänglech.

 

Nationale Gesetzeskader am Ausland

De Reparabilitéitsindex a Frankräich

A Frankräich gëtt et säit Januar 2021 de Reparabilitéitsindex.

Et geet dorëm, fir géint d’Obsoleszenz virzegoen a Verschwendung vu Ressourcen ze vermeiden.

Mat enger Nott vun 0 bis 10 gëtt de Konsument iwwert de Grad vu Reparabilitéit vun dem Apparat informéiert. Wat d’Nott méi héich ass, wat sech den Apparat besser fléckeléisst. D’Krittären, déi berücksichtegt gi fir déi Nott festzeleeë sinn de Präis, an och wéi laang Ersatzstécker verfügbar sinn, d’Demontabilitéit vum Apparat an d’Verfügbarkeet vun technescher Dokumentatioun.

Dat betrëfft 5 Zorte vun Ekipementer :

  • Wäschmaschinne mat « Hublot »;
  • Fernseeën;
  • Laptoppen;
  • Smartphonen;
  • Elektresch Méimaschinnen.

Programméiert Obsoleszenz

Et gëtt keng eenheetlech Definitioun vun der programméierter Obsoleszenz, am Ament gëtt et keng Rechtsvirschrëft, déi eng Referenzdefinitioun géif festleeën.

Am Lëtzebuerger Recht gëtt et keng Definitioun vun der programméierter Obsoleszenz. Et fënnt een Definitiounen, déi proposéiert ginn, wéi z.B. « den Abau vun engem verstoppten elektroneschen Dispositif am Apparat, dee programméiert ass, fir dass den Apparat no enger bestëmmter Zäit oder engem bestëmmte Gebrauch net méi fonctionéiert. » (David Raes)

De Problem trëtt virun allem bei bestëmmten Haushaltsapparater op, déi virzäiteg futtiginn, oder bei Imprimanten, déi ophalen ze fonctionéieren, soubal eng bestëmmten Zuel vu Säite geprint ginn ass. Neierdéngs ass déi Fro erëm méi aktuell ginn am Zesummenhank mat der Entwécklung vun elektreschen Apparater (Liewensdauer vun de Smartphone-Batterien).

Programméiert Obsoleszenz gëtt heiansdo als ee vun de Standbee vun der Konsumgesellschaft ugesinn, nieft der Publicitéit an de Kreditter. Tatsaach ass : « duerch déi programméiert Obsoleszenz entstinn ëmmer erëm nei Besoinen ».

Vum ethesche Standpunkt hir gesinn an och wat d’Vertrauen an d’Relatioun tëschent Verkeefer, Produzenten an dem Endverbraucher vum Produit ugeet, ass dat awer duerchaus problematesch.

Och a punkto Ëmweltschutz stelle sech do Froen, wann een z.B. och bedenkt, dass d’Ressourcen ëmmer méi rar ginn an dass och den Offall muss entsuergt ginn.

Am Lëtzebuerger Recht ass programméiert Obsoleszenz net ausdrécklech verbueden.

Et ginn awer scho verschidden national an EU-Legislatiounen, déi rechtlech Instrumenter virgesin an déi en Afloss kéinten hunn op d’Konsumenterechter oder op dat allgemengt Vertragsrecht, wéi z.B.

Par konter gëtt et am franséische Recht eng Definitioun am Code de la Consommation, an déi Praktik gëtt mat enger Prisongsstrof an enger Geldstrof vu bis zu 5% vum Ëmsaz bestrooft.

Recht op Reparatur

Am Ament gëtt et kee Recht op Reparatur am eigentleche Sënn.

Op EU-Niveau lafen Diskussiounen, mee et bleiwen nach vill Froen op, well fir d’éischt eng Impaktanalys muss gemaach ginn, éier eng legislativ Initiativ kann op de Wee bruecht ginn.

Kreeslafwirtschaft / Kreeslafgesellschaft

D’Kreeslafwirtschaft ass eng ganzheetlech Approche fir mat den Impakter an all Etapp vum Liewenszyklus vun engem Produit ëmzegoen.

Et geet drëms, fir de Wäert vu Produiten a Material ze erhalen oder souguer ze steigeren an dofir ze suergen, dass se ëmmer erëm a kontinuéierleche Kreesleef weider verwent ginn, sou dass de Begrëff „Offall“ ofgeschaaft gëtt.

D’Reparatur an den Entretien si wichteg Elementer, wann et drëm geet, an dësem Wirtschaftsmodell Wäert ze erhalen.

Et ass also ganz wichteg, dass d’Konsumenten an all concernéiert Acteuren informéiert a sensibiliséiert ginn, wat d‘Theema Reparatur ugeet, fir dass dës systemesch Approche ka gefërdert ginn a sou de Konsument d’Méiglechkeet kritt, sech als Bierger méi staark anzebréngen fir dozou bäizedroen, dass eng méi Kreeslaf-orientéiert Gesellschaft (Circular Society) entsteet.

Aktualiséiert