Aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll

Aféierung

Beim aussergeriichtlechen (oder alternative) Bäileeë vu Sträitfäll (REL) geet et dorëms, ee Konflikt tëschent engem Konsument an engem Händler am gudde bäizeleeën, mat Hëllef vun enger neutraler, fir d’Bäileeë vu Sträitfäll agrééierter Struktur, ouni zwangsleefeg op déi traditionell Geriichtsinstanzen zréckzegräifen. Dat ass dacks méi einfach, méi séier a finanziell méi gënschteg wéi eng Geriichtsaffär.

REL an der EU

D'REL gëtt iwwert d'Directiv (EU) 2013/11 geregelt an ass am Buch 4 vum Code de la consommation transposéiert.

An all Memberland gëtt et qualifizéiert REL-Strukturen, déi entweeder op e bestëmmte Beräich spezialiséiert sinn (z.B. Assurancen) oder déi méi generell ausgeriicht sinn.

Sträitfäll, déi d‘Gesondheetsdéngschter oder den Enseignement supérieur betreffen, falen net ënnert dës  Direktiv.

REL zu Lëtzebuerg

Den MPC ass déi Autoritéit, déi dofir zoustänneg ass, fir d’Lëscht vun den Entitéiten ze féieren, déi qualifizéiert sinn, fir Sträitfall wat d’Konsumenterechter ugeet, aussergeriichtlech am Respekt vun den Prozeduren vum Code de la consommation bäizeleeën.

Am Ament ginn et 5 qualifizéiert REL-Entitéiten a 4 dovu sinn op e bestëmmten Beräich spezialiséiert.

Déi fënneft, de Mediateur fir d'Consommatioun, dén eng sougenannten residuell Struktur ass, ka bei alle Konflikter kontaktéiert ginn, déi sech aus engem Kafvertrag oder engem Déngschtleeschtungsvertrag erginn, mat Ausnam vun

  • deene Beräicher, déi duerch di 4 spezialiséiert Entitéiten ofgedeckt sinn
  • net ekonomeschen Déngschtleeschtungen am Interessi vun der Allgemengheet, déi vum Staat oder aneren ëffentleche Kollektivitéiten ugebuede ginn,
  • Konflikter tëschent Händler,
  • Gesondheetsservicer,
  • ëffentlech Prestatairen aus dem postsecondairen Enseignement oder dem Enseignement supérieur.

De Mediateur fir d'Consommatioun ass ausserdeem dofir zoustänneg, fir all REL-Demanden entgéintzehuelen.

Wann awer eng aner Entitéit op der Lëscht vum MPC zoustänneg ass fir dee Sträitfall, da leet hien déi Demande u si weider.

Weiderhin ass et seng Aufgab, souwuel Konsumenten ewéi Professioneller iwwert d’REL ze informéieren.

Sträitfäll bäi Online-Keef

D’europäesch Unioun gesäit e spezifeschen Outil vir, wann et bäi dem Sträitfall ëm Onlineshopping geet.

Iwwert d’Plattform fir d’Bäileeë vun Online-Sträitfäll (OS) ka bei engem vun den OS-Organer eng Plainte agereecht ginn an dat a jiddwer Sprooch an a jiddwer Land vun der EU.

Op enger spezieller Plattform op der Säit vun der europäescher Kommissioun ginn alleguerten d’OS no Land opgefouert.

Aktualiséiert