D’Reparatur ass d’Kinneks-Disziplin vun der Kreeslafwirtschaft !

Wou de Michel Heftrich virun 10 Joer den éischte Repair-Café zu Lëtzebuerg gegrënnt huet, war hien ee richteg Virreider. An de Michel bleift sech trei : den Ament mécht hien ee Vëlostour vu 5.555 km uechter Europa a besicht dobäi iwwer 50 Repair-Caféen. Mat dëser Aktioun wëllt de Michel d’Leit sensibiliséiere fir futtis Géigestänn ze reparéieren amplaz se ewech ze geheien an esou hiren Deel zu enger méi nohalteger Welt kënne bäidroen. Op Ufro vun der Ministesch war de Michel de Moien am Ministère fir Konsumenteschutz fir sech mat eis ronderëm d’Thema vum Repairing an der programméierter Obsoleszenz auszetauschen.

https://repairs-for-future.eu

  1. ©MPC

    Repairs for future

    Repairs for future

  2. ©MPC

    Repairs for future

    Repairs for future

  3. ©MPC

    Michel Heftrich

    Michel Heftrich

Aktualiséiert