ILRES-Etude iwwert d’Gewunnechten an d’Suergen vun de Verbraucher am Bezuch op hir Ernärung

Am Kader vun der Aféierung vun enger nationaler Liewensmëttel-Politik hunn de Landwirtschaftsministère an de Ministère fir Konsumenteschutz eng Etude bei IRLES an Optrag ginn fir d’Gewunnechten an d’Suergen vun de Verbraucher am Bezuch op hir Ernärung ze ermëttelen.

Et ass doraus ervir gaang, dass 9 vun 10 Leit u Froen am Zesummenhang mat hirer Ernärung interesséiert sinn. D’Sujeten, déi d’Konsumenten am meeschten beschäftegt hunn waren d’Verschwendung vu Liewensmëttel, eng gesond Ernärung an d’Offer vu regionale Produkter. 

D‘Paulette Lenert, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet dozou gesot : "D’Leit um Wee vun engem méi verantwortleche Konsum ze begleeden ass eng vun de Kär-Aktivitéite vu mengem Ministère. Dofir sinn ech frou doriwwer, dass ëmmer d’Leit ëmmer bewosst an nohalteg consomméieren.“

Aktualiséiert