Opgepasst bei “Money muling”

Wat ass “Money muling”?

Ee „Money mule” (op lëtzebuergesch: Geldiesel) ass eng Persoun, déi zoustëmmt fir dass Geld illegal iwwer hire Bankkonto ka fléissen, dacks géint eng Entschiedegung. Déi betraffe Leit sinn heefeg a finanzieller Nout oder si vum Versprieche vun engem séiere Gewënn ugezunn.

Allerdéngs kann dës Praxis schwéier Konsequenzen hunn: Policeasaz, Spären oder Zoumaache vum Bankkonto, eng Aschreiwung am Casier judiciaire, an, jee no Fall, souguer de Verloscht vun all sengen Erspuernesser. Dobäi kann och nach kommen, dass de „Money mule“ gehale gëtt, fir d’Affer vun den illegalen Transaktiounen ze entschiedegen.

Wéi erkennt een de Bedruch?

Dës Zort vu Bedruch huet ee kloert Muster. Eng Persoun, och "Rabatteur" genannt, kontaktéiert Iech entweder online oder perséinlech a proposéiert Iech, Äre Bankkonto, Äre Bankkaart oder och Äre PIN Code ze benotzen, géint eng Entschiedegung.

Online: D’Leit ginn iwwer sozial Netzwierker wéi Instagram oder WhatsApp kontaktéiert, mat attraktiven oder lackelege Messagen.

Am richteg Liewen: Hei gi strategesch Plazen ugezielt wéi Gare, Ausgang vu Schoulen oder Plazen, wou sech d’Nuetsliewen ofspillt. De Rabatteur beschreift de Virgang dacks als risikofräi, täuscht eventuell eng Frëndschaft oder Hëllef vir a versprécht dobäi eng attraktiv finanziell Entschiedegung, heefeg ënnermauert mat "erfollegräiche Beispiller".

Wann Dir zoustëmmt, gitt Dir zu engem „Money mule“. Déi Kriminell benotzen dann Äre Bankkonto oder Är Bezuelmethode fir Geld mat illegalen Originnen ze transferéieren oder opzehiewen, heefeg Geld vu Phishing-Aktivitéiten. Hir eege Spuere ginn dobäi awer verwëscht.

Wichteg Punkten, déi ee verhale soll:

  • Déi finanziell Entschiedegung déi ee versprach kritt ass meeschtens ganz kleng oder souguer inexistent;
  • Dir iwwerhuel déi integral Responsabilitéit fir déi rechtlech a finanziell Konsequenzen;
  • Dir laaft Gefor, dass Äre Konto komplett geplëmmt gëtt an dass Dir selwer zur Rechenschaft gezu gitt.

Konsequenze

Leit, déi dem „Money muling“ zoustëmmen, halen dacks net no enger eenzeger Transaktioun domat op. Wann se awer wëllen ophalen, riskéieren se vun de Rabatteuren physesch bedrot ze ginn an déi just hir eegen Interesse am Bléck hunn.

Zousätzlech huet de „Money muling“ schwéier juristesch Konsequenzen: „Money mules“ kënne viru Geriicht geholl ginn. Am Fall vun engem Mannerjäregen kënnen och d’Elteren zur Verantwortung gezu ginn.

Är Bank kann hirersäits decidéieren, Är Konten zou ze maachen, Iech all Bankservicer verweigeren oder Iech keng Kreditt-Linn méi offréieren, alles Elementer déi Äre finanzielle Status laangfristeg negativ beaflossen.

Wéi kann een dës Fal vermeiden?

Fir ze verhënneren, an dës Fal ze geroden, sollt Dir follgend Moossnamen huelen:

  • Verweigert all Propos, déi Iech e séiert an einfacht Geld versprécht;
  • Gitt ni Äre Bankkonto, Är Bankkaart oder Äre PIN Code Präis. Dës Informatioune si strikt perséinlech a sollten dofir och just vun Iech selwer benotzt ginn;
  • Schwätzt mat enger Persoun vum Vertrauen iwwer esou Situatiounen a sensibiliséiert Är Frënn fir op d'Geforen hinzeweisen;
  • Mellt Profiller oder Konten an de sozialen Netzwierker, déi dat séiert Geld verspriechen, grad sou wéi bei BeeSecure.

Dir gouft erageluecht?

Wann Dir erageluecht gouft, sollt Dir follgendermoossen virgoen:

•         Kontaktéiert sou séier wéi méiglech Är Bank, fir de Bedruch ze mellen;

•         Loosst Är Bankkaart spären;

•         Deposéiert eng Plainte bei der Police, fir de Fall ze mellen.