Sech géint Fälschunge schützen

E Problem vu groussem Ëmfang

Laut den Zuelen vun der OECD aus dem Joer 2021 representéieren Fälschung ronn 2,5 % vum weltwäite Handel an esouguer bis zu 5,8 % vun den Importer an d’Europäesch Unioun. 

Wat ass eng Fälschung?

Eng Fälschung ass d’Reproduktioun, d’Imitatioun oder d’Benotze vun engem Recht op intellektuell Propriétéit ouni d’Erlaabnis vum Besëtzer. Dëst Phänomen betrëfft vill Secteuren, wéi z. Bsp. Kleeder, Parfumen, Elektronik, Autosdeeler, Liewensmëttel, Medikamenter, Spillsaachen, asw.

Ënnert anerem a folgende Fäll kann ee vu Fälschunge schwätzen :

  • Onerlabt Benotze vun enger Marque : Kopéieren, benotzen oder imitéieren vun enger registréierter Marque ouni d’Zoustëmmung vum Besëtzer;
  • Benotze vun enger patentéierter Erfindung: Reproduzéieren, importéieren oder kommerzialiséieren vun enger geschützter Erfindung ouni d’Erlaabnis vum Propritär vum Patent;
  • Reproduktioun vu Modeller oder Zeechnungen: Ganz oder deelweis kopéieren ouni d’Erlaabnis vum Auteur;
  • Onerlabt Publikatioun vu Wierker: D’Verëffentleche vu geschützte Schrëften, musikalesche Kompositiounen, Zeechnungen oder anere kreative Wierker ouni Erlaabnis.
  • Diffusioun vu geschützte Contenuen: D’Fixéieren, reproduzéieren, kommunizéieren oder den Zougang erméigleche vun Opféierungen, Phonogrammen, Videogrammen oder Programmer, dëst ouni déi néideg Erlabnis.

Wéi kann een eng Fälschung erkennen?

Fir eng Fälschung z’erkennen, kënnen dës Elementer Iech hëllefen:

  • D'Verkafsplaz: Eng ongewéinlech oder zweifelhaft Verkafsplaz kann op eng Fälschung hindeiten;
  • De Präis vum Produkt: opgepasst bei ongewéinlech niddrege Präisser fir Artikelen, déi normalerweis méi deier sinn;
  • D’Qualitéit vum Produkt: Kuckt Iech d’Materialien an de Finissage genau un. Feeler kënnen op eng Fälschung hindeiten;
  • D’Etiquette: Feeler am Drock, orthographesch Feeler oder falsch Iwwersetzungen sinn och heefeg Indikateuren;
  • D’Verpackung: Eng schlecht Qualitéit vun der Verpackung oder eng, déi net dem Wäert vum Produkt entsprécht, ass och dacks verdächteg.

Bei Online-Akeef sollt Dir zousätzlech Precautiounen treffen:

  • Identifikatioun vum Verkeefer: Kontrolléiert, ob de Verkeefer kloer identifizéiert ass (Numm, komplett Kontaktinformatiounen);
  • Kloer Informatioun: Kontrolléiert ob Präisser, Liwwerzäiten, Bezuelmethoden, Konditioune vum Verkaf, Récktrëttsrecht an d’Garantie kloer ugi sinn.

D’Risike fir d’Konsumenten

Gefläschte Produkter ginn dacks a schlechter Qualitéit hiergestallt a kënnen e gréissere Risiko duerstellen. D’Konsumenten hu keng Garantie a bleiwen am Fall vu Problemer och meeschtens ouni Recours.

Gefälschte Medikamenter kënnen entweder falsch doséiert sinn oder guer keng wierksam Ingrediente enthalen, wat evidenterweis eng Gefor fir d'Gesondheet mat sech bréngt. Spillsaachen déi net konform zu Sécherheetsnorme sinn, kënne sérieux Geforen fir Kanner duerstellen. Gefälschte Kosmetika ginn dacks mat verbuedene Substanzen hiergestallt a kënnen schwéierwiegend Hautreaktiounen ausléisen. Mangelhaft oder falsch markéiert elektronesch Komponente Deeler kënnen zu Verletzungen oder esouguer Feier féieren.

Opgepasst an der Vakanz

Bei Douanes-Kontrollen op Fluchhäfen, Häfen oder Garen muss een d’Hierkonft vun de Wueren ëmmer kënne noweisen. De Besëtz vu gefälschte Produkter ass strofbar a ka juristesch Konsequenze mat sech bréngen.

Gefälschte Wueren ginn och systematesch saiséiert an zerstéiert. Donieft muss een eng Geldstrof bezuelen, déi proportionnell zum entstaanene Schued festgeluecht gëtt.

Sensibiliséierungs-Campagne

Fir de Public iwwer d’Risike vu Fälschungen z’informéieren, huet d’Direktioun fir Konsumenteschutz eng Campagne op de soziale Medien an um Findel gestart.