Charte Chèques-Cadeaux

Am Joer 2020 hunn, ënnert der Koordinatioun vum Ministère fir Konsumenteschutz d'Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC), Luxembourg Confederation an d'Horesca zesummen eng "Charte Chèques-Cadeaux" ausgeschafft, mat bewäerte Praktiken an dësem Beräich.

Ziler vun der Charta

D'Haaptzil vun dëser Charta ass et, Transparenz a Sécherheet fir d'Konsumenten ze garantéieren an gläichzäiteg kloer Richtlinnen fir déi Professionell zur Verfügung ze stellen. Si recommandéiert, datt Geschenks-Bongen wesentlech Informatiounen wéi z. Bsp. de Betrag an Euro, den Ausstellungsdatum oder d'Gültegkeetsdauer sollen enthalen. D'Charta recommandéiert och eng Gültegkeetsdauer vun op d'mannst zwee Joer fir d'Geschenks-Bongen, dëst fir de Konsumenten méi Flexibilitéit ze bidden. 

Virdeeler fir déi Professionell

Fir déi Professionell bitt d'Adhäsioun un dës Charta verschidde Virdeeler. Si stäerkt d'Vertraue vun de Konsumenten, déi wëssen, datt d'Geschäfter unerkannt Standarde fir Transparenz a Service respektéieren. Duerch d'Adhäsioun un héich Standarde kënnen déi Professionell sech positiv vun hire Konkurrenten ënnerscheeden.

D'Adhäsioun un d'Charta ass einfach a gratis. Interesséiert Professioneller kënnen Luxembourg Confederation oder d'Horesca kontaktéieren, fir d'Charta ze kréien. Am Géigenzuch kréien si ee Sticker, dee si an hirem Geschäft ophänke kënnen, fir hier Adhäsioun un der Charta no baussen ze weisen. Zousätzlech ginn och méi kleng Stickere mat engem QR-Code zur Verfügung gestallt, déi op d'Geschenks-Bonge kënne gepescht ginn. Sou kann och den Destinataire vum Bong einfach op d'Informatiounen zur Charta zougräifen .

Déi Professionell déi der Charta schonn zougestëmmt hunn kënnen Luxembourg Confederation oder d'Horesca kontaktéieren, fir d'Sticker ze kréien. 

Virdeeler fir d'Konsumenten

D'Konsumenten profitéiere vu verschiddene Virdeeler, wa si Geschenks-Bongen vun Geschäfter huelen, déi der Charta ugehéieren. Si hunn d'Garantie, datt d'Geschenks-Bongen transparent Kritäre respektéieren, wat potentiell Mëssverständnesser a Frustratiounen evitéiert. Am Fall vun engem Sträit schléit d'Charta och vir, sech fir d'alleréischt un de Mediateur fir d’Consommatioun ze wenden, wat de Konsumenteschutz stäerkt an eng effizient Konfliktléisung erliichtert.

Dank de Stickeren, déi an de Geschäfter ubruecht sinn, kënnen d'Konsumenten einfach erkennen, wéi eng Geschäfter der Charta ugehéieren, a mat Vertrauen akafen.

Conclusion

D'Charte Chèques-Cadeaux ass ee weidere Schritt Richtung Stäerkung vum Konsumenteschutz an d'Transparenz vun de Geschäftspraktiken zu Lëtzebuerg. Duerch d'Adhäsioun un dës Charta weisen déi Professionell, dass si sech fir de Respekt vun de Konsumenterechter engagéieren. Dës gemeinsam Initiativ tëscht der Direktioun fir Konsumenteschutz, der ULC, der Luxembourg Confederation an der Horesca ass e perfekte Beispill fir Zesummenaarbecht, déi drop ausgeriicht ass, de Konsumenteschutz ze stäerken an gläichzäiteg d'Vertraue an den Handel zu Lëtzebuerg ze stäerken.