-
Bilan Autofestival 2023
Am Kader vum Autosfestival hunn d’Beamten vum Ministère fir Konsumenteschutz Kontrollen bei den Autoshändler uechter dat ganzt Land gemaach.
-
Autofestival 2023: Erënnerung un e puer gesetzlech Grondsätz
Mam Lancement vum Autofestival 2023 wëll de Ministère fir Konsumenteschutz un d’Wichtegkeet vun e puer gesetzleche Grondsätz zum Schutz vun de Rechter vun de Konsumenten erënneren.
-
Designatioun vum Organisme, deen den europäesche Verbrauchzenter zu Lëtzebuerg dierf hebergéieren
En date du 12 janvier 2023 et conformément au règlement européen établissant notamment un programme en faveur du Marché intérieur, le ministère de la Protection des consommateurs a désigné le Centre européen des consommateurs GIE comme organisme éligible à soumettre la demande de...
-
Neie Guide fir de Professionellen - Matenee Vertraue Gewannen.
De Ministère fir Konsumenteschutz huet e Guide publizéiert, dee sech speziell u Professioneller riicht. En erkläert, Theema fir Theema, andeems e probéiert, eng puer juristesch Sprooch ze vermeiden, d'Verflichtunge vun de Professionellen, déi am Code de la consommation opgelëscht sinn. De Guide, deen an 3 Sprooche verfügbar ass, kann och op der Internetsäit vum Ministère consultéiert ginn.
-
Ëmsetzung vun der Omnibus-Direktiv - Nei Rechter fir Verbraucher, déi zu Lëtzebuerg wunnen an akafen
E Mëttwoch, den 23. November 2022 huet d'Chamber de Gesetzesprojet 7904 iwwer d'Ännerung vum Verbrauchergesetz gestëmmt fir d'Direktiv (EU) 2019/2161, bekannt als Omnibus, ëmzesetzen. Mam Akraafttriede vun dësem Gesetz ginn d'Rechter vun de Konsumenten erweidert souwuel beim Online Shopping wéi an de Geschäfter.
-
Länneriwwergräifend Koordination vum Nutri-Score: Déi 7 involvéiert Länner adoptéieren e verbesserten Algorithmus fir Liewensmëttel
De 26. Juli hunn déi zoustänneg Autoritéite vun der Belsch, Frankräich, Däitschland, Lëtzebuerg, Holland, Spuenien an der Schwäiz d'Ännerunge vum Nutri-Score Algorithmus fir Liewensmëttel ugeholl, déi vum wëssenschaftleche Comité ausgeschafft gouf. Dës Entwécklunge wäerten d'Effizienz vum Nutri-Score verbesseren fir d'Liewensmëttel am Aklang mat Diätempfehlungen ze klassifizéieren, an doduerch d'K
-
Kontroll vun neie Geschäfter an der Stad an Ëmgéigend: Professionnel kennen a respektéieren d'Reglementer a punkto Präisindikatioun
Bei enger Kontroll vu den neie Betriber, déi dëst Joer an der Stad an Ëmgéigend opgaange sinn, gouf festgestallt, datt déi grouss Majoritéit vun dëse jonke Betriber d'Lëtzebuerger Reglementer a Saache Präisindikatioun kennen a respektéieren.
-
Konferenz: D'Diversitéit vun den offizielle Kontrollen am Liewensmëttelberäich
Zum World Food Safety Day, deen de 7. Juni stattfonnt huet, huet de Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet, zesumme mam Konsumenteschutzministère, eng Konferenz iwwert déi offiziell Kontrollen am Liewensmëttelberäich organiséiert.
-
Presentatioun vum aktualiséierte "Guide de bonnes pratiques d'hygiène" fir d'Entreprisen aus dem Secteur vun den Hotellen, Caféen a Restauranten
De 7. Juni huet d'Federatioun HORESCA, a Presenz vun der Konsumenteschutzministesch Paulette Lenert, den Update vun hirem "Guide de bonnes pratiques d'hygiène" fir d'Entreprisen aus dem Secteur vun den Hotellen, Caféen a Restauranten zu Lëtzebuerg presentéiert.
-
Consumer Dialogue 2022: D'Konsumenten an hier Besoinen eescht huelen
De Consumer Dialogue vum 27. Abrëll war, mat méi ewéi 60 Participanten aus den ënnerschiddlechste Beräicher, e grousse Succès. D’Suggestioune vun de Participante gi vum Ministère analyséiert.
-
Charta FAIR PRICE – Conclusiounen vum Conseil de la consommation
Op senger Réunioun vum 26. Abrëll 2022 huet de Conseil de la Consommation säi 14. Rapport fir d'Signatairë vun der Charta Faire Prices ugeholl, an deem hie feststellt, dass d'Consignë vun der Charta agehale goufen.
-
Consumer Dialogue 2022: Entwéckelt mat eis
Consumer Dialogue 2022: Entwéckelt mat eis De Konsumenteschutzministère organiséiert, an Zesummenaarbecht mat der europäescher Kommissioun, den 27.
-
Kontroll bei den "Agents de transfer"
Eng Kontroll bei den Agents de transfer huet erginn, dass déi Agencen, déi zu Lëtzebuerg aktiv sinn, sech un d'Virschrëfte vum Code de la Consommation halen. De Ministère mécht d'Konsumenten awer dorobber opmierksam, dass d'Notzung vun de Servicer vun dësen Agence mat héije Käschte verbonne sinn.
-
Internationale Konsumenteschutz-Dag – Fokus op d'Recht gehéiert ze ginn
De 15. Mäerz 2022 ass, ewéi all Joer, den internationale Konsumenteschutz-Dag, un deem un déi 4 Grondrechter erënnert gëtt, déi d'Verbraucher hunn: d'Recht op Sécherheet, d'Recht op Informatioun, d'Recht ze wielen an d'Recht gehéiert ze ginn.
-
Foiren a Salone – Obligatioun d'Präisser unzeweisen
Am Kontext vum Spring Break erënnert de Konsumenteschutzministère dorunner, dass d'Exposanten de Präis vu Produiten an Déngschtleeschtung vu Produiten a Servicer mussen an Euro, mat allen Taxen, um Produit selwer ubréngen oder no dobäi, esou dass d'Konsumenten en erkennen a liese kënnen.
- Éischt Säit
- 1
- 2
- 3
- 4
- 5
- Lescht Säit