Konstruktiven Austausch mat der ULC

Austausch tëschent dem Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, an enger Delegatioun vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC).

D‘Diskussioune goufen an enger kollegialer Ambiance gefouert a ware gezeechent duerch de Wëlle fir gemeinsam de Konsumenteschutz zu Lëtzebuerg ze stäerken. Et gouf ë. a. iwwert d’Upassunge vum Code de la consommation geschwat, fir zukünfteg besser op d’Erausfuerderungen an op d’Bedierfnesser vun de Konsumenten kënnen anzegoen.

Eent vun den Haapttheme war awer och d’Aféierung vum „Recours collectif“, mat deem d’Konsumente méi Gehéier fannen a gestäerkt ginn fir bei engem Prejudice entschiedegt ze ginn.

Dës Treffe spigelt dat gemeinsaamt Engagement zréck géintiwwer de Konsumenterechter a beleet d’Entschlossenheet fir zesummen een Ëmfeld ze schafen, dat méi gerecht a méi sécher fir de Lëtzebuerger Konsument ass.

  1. ©MPC

    Besuch vun der ULC

    Besuch vun der ULC

    vlnr : Nico Hoffmann (ULC), Marcel Laschette (ULC), Marc Bourkel (ULC); Aline Rosenbaum (ULC)
  2. ©MPC

    Besuch vun der ULC

    Besuch vun der ULC

    vlnr : Marie-Josée Ries, Martine Hansen (Ministesch fir Konsumenteschutz), Marc Fischer
  3. ©MPC

    Besuch vun der ULC

    Besuch vun der ULC

    Gruppefoto
  4. ©MPC

    Besuch vun der ULC

    Besuch vun der ULC

    Gruppefoto

Aktualiséiert