Zesummen mat der Klima-Agence fir ee verantwortungsbewosste Konsum

D’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet sech mat de Verantwortleche vun der Klima-Agence getraff fir Weeër fir ee verantwortungsbewosste Konsum opzezeechnen.

  1. ©MPC

    Versammlung mat der "Klima-Agence"

    Versammlung mat der "Klima-Agence"

    (v. l. n. r.) Marc Fischer, Direktioun fir Konsumenteschutz; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz; Catherine Phillips, Direktioun fir Konsumenteschutz
  2. ©MPC

    Versammlung mat der "Klima-Agence"

    Versammlung mat der "Klima-Agence"

    Gruppefoto
  3. ©MPC

    Versammlung mat der "Klima-Agence"

    Versammlung mat der "Klima-Agence"

    (vlnr) Fenn Faber, Direkter Klima-Agence; Olaf Münichsdorfer, Präsident Klima-Agence

Bei dëser Entrevue hu béid Säite betount hir Zesummenaarbecht wëllen ze verstäerken an de Konsumenten déi néideg Informatiounen zur Verfügung ze stelle fir dass si hiren ökologesche Foussofdrock kënne verklengeren. An deem Kontext huet d’Ministesch déi éischt Resultater vum Online-Rechner fir den CO2- Foussofdrock myImpact.lu virgestallt an deen eng 5.000 Persounen och scho benotzt hunn. D’Klima-Agence huet sech sengersäits dozou engagéiert fir dëse Tool bei de Gemengen ze promouvéieren.

Duerch d’Zesummenaarbecht tëschent der Direktioun fir Konsumenteschutz an der Klima-Agence wäerten d‘Konsumente praktesch Rotschléi an innovativ Léisunge proposéiert kréien, déi hinne sollen hëllefen ee méi verantwortungsbewosst Konsumverhalen un den Dag ze leeën. 

Aktualiséiert