Reunioun mat enger Delegatioun vum „Mouvement Écologique“

D’Martine Hansen huet eng Delegatioun vum „Mouvement Écologique“ empfaang. Des Reunioun war d’Geleeënheet fir den Dialog iwwert d’Fërderung vun engem verantwortungsvolle Konsum a konkrete Moossnamen unzestoussen.

D‘Thema vun der Reparatur stoung am Mëttelpunkt. D’Direktioun fir Konsumenteschutz huet nämlech, zesumme mam SYVICOL, eng Ëmfro gemaach iwwert déi verschidden Ureizer a finanziell Ënnerstëtzungen op kommunalem Niveau am Beräich vum „Repairng“. D’Resultater vun dëser Ëmfro goufe presentéiert an diskutéiert. D’Resultater ënnersträiche wéi wichteg et ass fir Initiativen zur Verlängerung vun der Liewensdauer vu Produiten an zur Reduzéierung vun Offall ze fërderen. D’Ministesch huet erkläert, dass d’Direktioun fir Konsumenteschutz amgaang ass fir d’Ëmsetze vun engem Reparaturbonus ze analyséieren. Sou ee Reparaturbonus géif un déi zukünfteg Direktive „Right to repair“ uknäppen, besonnesch well dës Direktive d’Aféierung vun engem neie „Recht op Reparatur“ fir de Konsument virgesäit.

Um Enn vun der Versammlung huet d’Ministesch d’Wichtegkeet vun dësem Austausch ënnerstrach, grad sou wéi d’Responsabilitéit vun allen Acteuren, fir de Konsumenten déi Informatiounen zur Verfügung ze stellen, déi si brauche fir fondéiert Entscheedungen ze treffen.

  1. ©MPC

    Treffe mam "Mouvement Écologique"

    Treffe mam "Mouvement Écologique"

    (v. l. n. r.) Marc Fischer, Direktioun fir Konsumenteschutz; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz; Catherine Phillips, Direktioun fir Konsumenteschutz
  2. ©MPC

    Treffe mam "Mouvement Écologique"

    Treffe mam "Mouvement Écologique"

    Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz
  3. ©MPC

    Treffe mam "Mouvement Écologique"

    Treffe mam "Mouvement Écologique"

    Gruppefoto

Aktualiséiert