Kontrollen op der Stater Braderie

Fir d’Stater Braderie hunn eis Agente Kontrollen iwwert den Affichage vun de Präisser op de verschiddene Stänn gemaach.

Am grousse Ganzen ass festzehalen, dass d’Präisser korrekt ugewise waren a just vereenzelt Irregularitéite festgestallt goufen. An deem Fall hunn d’Geschäftsleit awer ëmmer séier reagéiert an d’Situatioun redresséiert.

D’Kontroll kann als Succès bezeechent ginn, well keng Sanktioun vun der Police huet misste verhaange ginn.

De Ministère fir Konsumenteschutz wäert weiderhin d‘Rechter vun de Konsumenten zu Lëtzebuerg schützen an déi Professionell am Beräich vun engem korrekten Affichage vun de Präisser sensibiliséieren.

Ee grousse Merci geet un d‘Police fir hir virbildlech Zesummenaarbecht !

Aktualiséiert