Foire agricole Ettelbréck

De Ministère fir Konsumenteschutz war mat engem Stand op der Foire agricole vun Ettelbréck vum 30. Juni bis den 2. Juli present. Et gouf dofir extra ee Quiz entwéckelt fir d’Leit op eng spilleresch Aart a Weis op verschiddenst Thematiken ze sensibiliséieren :

  • Rechter vun de Passagéier ;
  • Konsumenteschutz ;
  • gesond Ernärung ;
  • verantwortleche Konsum ;
  • Affichage vun de Präisser ;
  • Nohaltegkeet.

De Succès war grouss, well zirka 1.000 Leit hu bei net manner wéi 350 Quiz-Sessioune matgespillt.