Samschdeg, den 8. Juli mécht de Cercle Cité ab 10.00 Auer seng Dieren op, wou nei Weeër vum Konsum opgezeechent ginn. An Dir kënnt gläichzäiteg déi breet Palette vu Servicer a Produkter vun de SIS (sociétés d’impact sociétal) entdecken.
Profitéiert och vun de repair cafés an de fräiwëllege Reparateuren déi op der Plaz si fir Är kleng Elektro-Geräter (10.00 – 13.00 Auer) oder Är Kleeder (14.00 – 16.00 Auer) ze flécken.
