Neie Guide fir de Professionellen - Matenee Vertraue Gewannen.

De Ministère fir Konsumenteschutz huet e Guide publizéiert, dee sech speziell u Professioneller riicht. En erkläert, Theema fir Theema, andeems e probéiert, eng puer juristesch Sprooch ze vermeiden, d'Verflichtunge vun de Professionellen, déi am Code de la consommation opgelëscht sinn. De Guide, deen an 3 Sprooche verfügbar ass, kann och op der Internetsäit vum Ministère consultéiert ginn.

©MPC Guide fir de Professionellen, Fiche Indication des prix

De Code de la consommation beschreift ganz kloer d'Obligatioune vun de Professionelle géigeniwwer dem Verbraucher, sief et a punkto Informatiounen, Präisugaben, Garantien oder Geschäftspraktiken. D'Zil ass et de Verbraucher mam Händler op een Niveau ze stellen an esou dat géigesäitegt Vertrauen ze fërderen.

D'Professioneller si beschtens iwwer dës Obligatiounen informéiert an déi meescht applizéieren se richteg a vollstänneg. Fir hinnen d'Aufgab ze erliichteren, huet de Ministère fir Konsumenteschutz (MPC) e Guide erausbruecht, deen Theema fir Theema d'Spezifikatioune vum Verbrauchercode opgräift, ouni eng ze vill juristesch oder technesch Sprooch ze benotzen. Ënnert der Devise Matenee Vertraue Gewannen., soll dëse Guide d'Zesummenaarbecht tëschent dem MPC an de Professionelle stäerken, a virun allem si an der richteger Ausféierung vun hiren Obligatiounen déi hir Aarbecht mat sech bréngt, ënnerstëtzen.

De Guide besteet aktuell aus 11 thematesche Fichen déi op Franséisch, Däitsch an Englesch disponibel sinn; zousätzlech Fiche gi reegelméisseg bäigefüügt. En ass op Nofro disponibel beim MPC (per Mail un info@mpc.etat.lu). D'Fiche kënnen op der Internetsäit vum Ministère erofgeluede ginn (pro-pc.public.lu), wou een sech och ka fir d'Aktualiséierung vun de bestoende Fichen a fir nei Publikatioune kann abonéieren.

Communiqué vum Ministère fir Konsumenteschutz

Aktualiséiert