D‘Martine Hansen huet de Projet TABA besicht, e Projet, deen d’Kreeslafwirtschaft, verantwortungsbewosste Konsum a Solidaritéit verbënnt

D‘Martine Hansen, Ministesch fir de Konsumenteschutz, huet d’Installatioune vum Projet TABA besicht. Dësen Initiativ vum „Comité national de défense sociale“ (CNDS), konzentréiert sech op d’Sammelen, Reparéieren a Weiderverdeele vu Spillsaachen a Kannerbicher. Dës Visitt huet d’Wichtegkeet vun der Kreeslafwirtschaft an dem verantwortungsbewosste Konsum ervirgehuewen – Wäerter, déi TABA zënter senger Grënnung vertrëtt.

Nieft sengem Ëmweltimpakt spillt TABA och eng wichteg sozial Roll, andeems hei mat Mënschen an schwéiere Situatioune geschafft gëtt, besonnesch mat Persounen, déi ënner Ofhängegkeete leiden.

All Joer profitéieren Dausende Kanner vu reparéierte Spillsaachen, déi gratis verdeelt ginn. Am Joer 2023 hunn 1.174 Cliente Spillsaache kritt, wouvun iwwer 7.000 Kanner profitéiert hunn. Ausserdeem dréit de Projet all Dag dozou bäi, zwee bis dräi Leit mat Ofhängegkeeten ze stabiliséieren.

Wärend hirer Visitt huet d’Ministesch d’Bedeitung vun esou Initiativen ënnerstrach, fir eng méi responsabel a solidaresch Konsumkultur ze fërderen. Si huet d’Aarbecht vun der Equipe ënnert der Leedung vum Raoul Schaaf gelueft, déi net nëmmen de Spillsaachen en zweet Liewe gëtt, mee och deene Leit eng nei Hoffnung gëtt, déi sech nees wëllen opbauen.

Regierungsmember

HANSEN Martine