Martine Hansen bischt d'Autorité de la Concurrence

D'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet d’Autorité de la Concurrence besicht, fir sech auszetauschen an d’Konsumenteschutz ze stäerken.

No enger detailléierter Presentatioun vun den Aktivitéite vun der Institutioun duerch hire President, Pierre Barthelmé, besonnesch iwwer d’Roll vun der Autorité de la Concurrence am Kontext vum "Digital Services Act" an dem "Digital Market Act", hunn d’Diskussiounen sech op eng méiglech Erweiderung vun de bestoende Collaboratioune konzentréiert. Et gouf ofgemaach, datt eng Konventioun tëscht den zwou Institutiounen ausgeschafft gëtt an Aarbechtsversammlungen si schonn an de kommende Woche geplangt, mam gemeinsamen Zil, de Konsumenteschutz ze stäerken.

Regierungsmember

HANSEN Martine