D’Martine Hansen trëfft sech mam Handwierk

D’Ministesch fir Konsumenteschutz, Martine Hansen, hat de 27. September eng Aarbechtsvisitt mat Vertrieder vun der Chambre des Métiers Luxembourg an der Fédération des Artisans, wou eng sëllegen a wichteg Konsumenteschutz-relevant Theme beschwat goufen.

D'Partner ronderëm den Dësch waren sech eens, dass d’Betriber beim Ëmsetze vum Konsumenteschutz eng zentral Roll spillen an dass een dofir och an Zukunft op eng konstruktiv Zesummenaarbecht wäert setzen an een aktiven an informellen Dialog ënnertenee fërdere wëll.

Regierungsmember

HANSEN Martine