Austausch tëschent Martine Hansen a Martine Kemp

D’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, hat een Austausch mat der Europadeputéiert Martine Kemp.

Bei dëser Entrevue gouf ervirgehuewen, dass et wichteg ass beim Konsumenteschutz op europäeschen Niveau virzegoen. Well déi aktuell Erausfuerderungen dacks iwwert d’Grenzen eraus ginn, brauch et eng europäesch Approche fir héich an eenheetlech Normen am Konsumenteschutz ze garantéieren. Dofir ass et béide Politikerinne wichteg fir een Ëmfeld ze schafen, wou de Konsumenten hir Rechter robust geschützt sinn an ob dësem Wee de Bierger hiert Vertrauen an den Europäesche Maart ze stäerken.

Well mat enger europäesch Approche sinn héich Standarden am Beräich vum Konsumenteschutz garantéiert.

©MPC Austausch tëschent Martine Hansen a Martine Kemp
Austausch tëschent Martine Hansen a Martine Kemp
v.l.n.r. : Martine Kemp, Europadeputéiert; Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz

Aktualiséiert