Aktualiséiert den
Éischten Austausch tëschent der Ministesch Martine Hansen an der ULC
Konstruktiven Austausch tëschent dem Martine Hansen an de Vertrieder vun der ULC, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz.
An der Entrevuë goung et ënnert anerem ëm déi grouss Erausfuerderungen am Beräich vum Konsumenteschutz an de kommende Joer an d’Wichtegkeet fir eng konstruktiv Zesummenaarbecht. D’Ministesch Martine Hansen huet an deem Kontext och d‘Roll vun enger gudder Informatioun vun de Konsumenten ënnerstrach an der ULC Merci gesot fir hir Aarbecht, am Interessi vum Konsument.