Éischten Austausch tëschent der Ministesch Martine Hansen an dem Centre Européen des Consommateurs Luxembourg.
Den CEC Luxembourg spillt eng wichteg Roll fir d’Konsumenten iwwert hir Rechter am Kader vum EU-Verbraucherrecht ze informéieren an si bei grenziwwerschreidende Litigen ze begleeden. D’Ministesch Martine Hansen huet dofir dem CEC Luxembourg Merci gesot fir hiren Asaz an hir Aarbecht fir d’Konsumenten.