AutoOccasiounsFestival2023

AutoOccasiounsFestival 2023

Den "AutoOccasiounsFestival 2023" fënnt vum 10. bis de 14. Mee statt. De Ministère fir Konsumenteschutz wëllt an deem Kader déi potentiell Keefer op e puer Punkten hiweisen, déi beim Kaf vun engem Occasiounsauto bei engem Professionelle wichteg sinn :

  1. Präisser : Et ass wichteg ze wëssen, dass de Präis vun engem Occasiounsauto bei engem Professionelle méi héich ka sinn, wéi bei enger Privatpersoun, bedéngt duerch d’Garantien an déi eenzel Servicer. Vergläicht dofir d’Präisser andeems Dir all Aspekter berécksiichtegt (Garantie, Entretien, Finanzement, asw.) éier Dir eng Entscheedung huelt.
  2. Inspektioun : D’Optik vum Auto seet net onbedéngt eppes iwwert den Zoustand vum Auto aus an ob den Auto reegelméisseg am Entretien war. Loosst de Kilometerstand an de Kontrakt schreiwen an iwwerpréift den allgemengen Zoustand vum Won.
  3. Verflichtungen : Mat Ärer Ënnerschreift verflicht Dir Iech formell géintiwwer dem Verkeefer, ouni dass Dir Iech vum Kontrakt kënnt zréckzéien (wéi dat bei engem Internetakaf zum Beispill de Fall ass). Falls Dir Är Meenung ännert, ass de Verkeefer am Recht Iech Schuedenersatz ze froen. Liest dofir suergfälteg de Kontrakt an zéckt net fir eng Ännerung ze verlaangen (oder guer net ze ënnerschreiwen) wann verschidden Elementer Iech ongerecht erschéngen. D’Gesetz schützt géint gesetzeswiddreg Klauselen, déi een Ongläichgewiicht zu Ongonschte vum Verbraucher mat sech géife bréngen.
  4. Garantie : Wann Dir een Occasiouns-Auto bei engem professionellen Händler kaaft, hutt Dir am Prinzip ee Recht op eng gesetzlech Garantie vun 2 Joer, déi awer op 1 Joer kann erofgesat ginn, wann dat am Kontrakt festgehalen ass. Dës Garantie deckt verstoppt Mängel (vices cachés) a mechanesch Problemer of falls Problemer nom Akaf entstoe sollten. Informéiert Iech dofir iwwert d’Garantie de conformité. Awer opgepasst : Vergewëssert Iech, wien de rechtméissege Verkeefer ass. Ass de Professionelle selwer de Verkeefer, da spillt déi gesetzlech Garantie (Artikel L.212-5 Code de la consommation). Handelt de Professionellen awer am Numm vun enger privater Persoun – also als Intermediaire respektiv Depositaire – dann huet de Keefer keng automatesch gesetzlech Garantie vum Code de la consommation. Wann Dir nom Akaf sollt e Problem mam Auto hunn an de Professionellen Iech net wëll hëllefen, da kënnen Iech déi verschidden Organisatiounen am Konsumenteschutz zur Säit stoe fir Är Rechter geltend ze maachen.
  5. Finanzement : Déi professionell Verkeefer bidden dacks Finanzéierungsléisungen un, wéi zum Beispill ee Kredit fir den Akaf ze vereinfachen. Si mussen awer dofir verschidde legal Virschrëfte respektéieren : si mussen sech op der Lëscht vun den Interméidiaires de crédit à la consommation androen, dem Client detailléiert prékontraktuell Informatioune liwwern an d’Solvabilitéit vum Client iwwerpréiwen. Et soll een och ëmmer eng „condition suspensive“ am Kontrakt virgesinn, d.h. dass wann een de Kredit net genehmegt kritt, ee sech vum Kontrakt léise kann.

Wann Dir dës Rotschléi befollegt, maximiséiert Dir Är Chance fir eng Occasioun ze fannen déi Ären Uspréch an Ärem Budget Rechnung dréit. Huelt Iech déi néideg Zäit fir och aner Optiounen an d’An ze faassen an extern Meenungen erbäi ze huele fir eng bescht méiglech Decisioun ze huelen. 

Aktualiséiert