Autofestival 2023: Erënnerung un e puer gesetzlech Grondsätz

Mam Lancement vum Autofestival 2023 wëll de Ministère fir Konsumenteschutz un d’Wichtegkeet vun e puer gesetzleche Grondsätz zum Schutz vun de Rechter vun de Konsumenten erënneren. ​

Rappel un d'Konsumenten:

  • Generell gëtt alle Persounen, déi een Auto kafe wëllen, geroden, d'Konditioune vum Kafvertrag opmierksam ze'iwwerpréiwen, ier se dësen ënnerschreiwen.
  • De Liwwerdelai muss ugi sinn. Wann d'Liwwerzäit relativ laang ass, sollt Dir op méiglech Indexklauselen oppassen, déi eng Hausse vum Verkafspräis bei der Liwwerung, souwéi eng méiglech Baisse vum Réckkafpräis fir Ären ale Won bedeite kéinten. Dohier sollt Dir net zécken, weider Erklärungen oder Ännerunge vu bestëmmte Klauselen ze froen, wann dës Iech net passen.
  • Wann de Verkafspräis méi héich ass, wéi deen, deen ugi gouf, huet de Konsument d'Recht, de Vertrag geriichtlech opléisen ze loossen.
  • Wann den Autoskaf iwwer e Kredit ofgewéckelt gëtt, gëtt geroden, eng Suspensivklausel an de Vertrag opzehuelen, domat Dir net vertraglech gebonne sidd, falls de Kredit net accordéiert gëtt.

Rappel un déi Professionell:

De "Code de la consommation" seet, datt all Präisser onmëssverständlech, liicht erkennbar a lieserlech ugi musse sinn. Konkret bedeit dat, datt de Commerçant keng méi héich Präisser fuerderen duerf, wéi déi, déi ugi sinn.

  • Beim Verkaf vun engem Ausstellungsmodell ass de Commerçant un den affichéierte Präis gebonnen;
  • Bei der Bestellung vun engem Neiwon, ass de Commerçant un deen am Kafvertrag festgeluechte Präis gebonnen a kann net eesäiteg ee méi héije Präis verlaangen. Dëst gëllt souwuel fir déi am Showroom affichéiert, wéi och fir déi um Bestellschäin oder am Vertrag festgeluechte Präisser. Et sief bemierkt, datt d'Verkafspräisser inklusiv der TVA an all den Taxen affichéiert musse ginn an eventuell staatlech Primmen net mat aberechent duerfe ginn.
  • Wann eng Indexklausel sollt bestoen, da muss dës kloer a verständlech sinn an d'Modalitéite vum neie Calcul am Detail ugefouert ginn.

Zu gudder lescht, wëll de Ministère fir Konsumenteschutz d'Ëffentlechkeet dorop hiweisen, datt e wärend der kompletter Dauer vum Festival Kontrolle bei de Garagen duerchféiere wäert, woubäi de Präisschëlder, den allgemenge Verkafskonditiounen, an de Reprisekontrakter besonnesch Opmierksamkeet geschenkt gëtt. Doriwwer eraus déngen d'Kontrollen och dozou, z'iwwerpréiwen, ob d'Verbraucherkreditvirschrëften agehale ginn.

An dësem Kader huet d'Ministesch fir Konsumenteschutz Paulette Lenert erkläert: "Fir d'Rechter vum Konsument ze schützen, ass et wichteg, datt Autoverkafspräisser kloer a verständlech affichéiert ginn. Eis Kontrolleure wäerten d'Anhale vun dëse Grondreegelen iwwerwaachen an de Commerçante bei Bedarf déi néideg Ënnerstëtzung bidden."

Communiqué vum Ministère fir Konsumenteschutz

Aktualiséiert