Direktioun vum Konsumenteschutz an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit hunn op en Atelier iwwer d’Fërderung vun der Reparatur invitéiert

D’Direktioun vum Konsumenteschutz an de Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit hunn sech mat wichtege Partner ausgetosch fir iwwer d’Fërderung vun der Reparatur ze diskutéieren.

D'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet an deem Kontext gesot: "Fir d’Konsumenten um Wee zu engem verantwortungsbewosste Konsum ze begleeden, ass et wichteg, sech mat der Fro vun der Fërderung vun der Reparatur vu Produkter auserneen ze setzen. Fir dëst z’erreechen, schaffen meng Servicer intensiv u verschiddenen Optiounen, besonnesch andeems mir d’Duerchféierbarkeet an d’Relevanz vun der Aféierung vun engem Reparaturbonus analyséieren, deen d’Konsumenten encouragéiere géif, hir Produkter ze reparéieren amplaz se ze ersetzen. Et ass mir och wichteg, all Parties prenantes am Virfeld ze konsultéieren, fir hir Meenungen a Perspektiven ze sammelen, an all d’Optiounen ze iwwerpréiwen, déi zu enger besserer Fërderung vun der Reparaturkultur féieren."

Regierungsmember

HANSEN Martine