Aktualiséiert den
D’Martine Hansen trëfft déi 5 lëtzebuergescher Entitéiten, déi am Beräich fir d’aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll bei Litigen a Konsumentefroen zoustänneg sinn
Treffen mat der Ministesch fir Konsumenteschutz zum Thema vun aussergeriichtlechem Bäileeë vu Sträitfäll a Konsumentefroen.
D’aussergeriichtlecht Bäileeë vu Sträitfäll ass eng Alternativ zu traditionelle Geriichtsverfaren, déi drop ofzielt, Konflikter méi séier, méi käschtegënschteg a manner formell ze léisen. An dësem Kontext huet d'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, sech mat de fënnef lëtzebuergeschen Entitéiten, déi a Konsumentefroen zoustänneg sinn, souwéi dem Centre Européen des Consommateurs Luxembourg a senger Roll als Informatiounspunkt fir déi grenziwwerschreidend an online-Dossieren getraff.
D’Entrevue gouf genotzt fir d’Erfarungen ënnert de Partner auszetauschen, Diskussiounen iwwer Trends ze féieren an een Update ze ginn iwwer de Status vun den Negociatioune vun der Revisioun vun der entspriechender Directive am Conseil.