D’Martine Hansen war op Aarbechts-Visitt bei Amazon

D’Ministesch fir Konsumenteschutz war op Aarbechts-Visitt bei Amazon fir iwwert de Konsumenteschutz ze diskutéieren.

D’Ministesch fir Konsumenteschutz war op Aarbechts-Visitt bei Amazon fir ee konstruktiv Gespréich mat enger Delegatioun, ë. a. mam Här Jorrit Van der Meulen, Vice President European Retail bei Amazon. An enger seriöser awer kollegialer Ambiance goufen Diskussioune ronderëm Theme d'Mesure vun Amazon a Saaachen Konsumenteschutz, d'Politik vun de Réckgaben oder och nach den Affichage vun de Präisser gefouert.

Déi zwou Parteie waren sech eens, fir weiderhin een oppenen a konstruktiven Dialog ronderëm de Konsumenteschutz ze féieren.

Um Enn vun der Reunioun hat d’Ministesch nach d’Geleeënheet fir sech mat engem klenge Grupp vu Mataarbechter vun Amazon iwwert Theme wéi d’Inklusioun an d’Gläichstellung vun de Geschlechter auszetauschen.

Regierungsmember

HANSEN Martine