minientreprises Finall vun de Mini-Entreprises : d’Martine Hansen huet zwee nei Präisser iwwerreecht

Am Kader vun der Finall vun de Mini-Entreprises huet d’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, zwee nei Präisser iwwerreecht, déi duerch d’Ënnerstëtzung vun der Direktioun fir Konsumenteschutz agefouert goufen. 

De « Präis fir Konsumenteschutz » gouf un d’Mini-Entreprise ecoffee iwwerreecht an d’Mini-Entreprise Spongy huet de « Präis fir ee verantwortungsbewosste Konsum » gewonnen.

Mat der Aféierung vun dësen zwou Auszeechnungen ginn d’Mini-Entrepreneuren, sprëch d’Entrepreneure vu muer, sensibiliséiert op d’Wichtegkeet fir den Entrepreneursgeescht, de Konsumenteschutz an d‘Fërderung vun engem verantwortungsbewosste Konsum ze verbannen.