Martine Hansen op Besuch bei der Clinique de droit de la consommation

D’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet d’Clinique de droit de la consommation vun der Uni Lëtzebuerg besicht.

  1. ©MPC

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Gruppefoto
  2. ©MPC

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Gruppefoto
  3. ©MPC

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Gruppefoto
  4. ©MPC

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Gruppefoto
  5. ©MPC

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Besuch bei der "clinique de droit de la consommation"

    Gruppefoto

Nodeems d’Ministesch vun den akademeschen Autoritéite gouf, dorënner den Här Arnaud Dupuy, Vize-Doyen, den Här Herwig Hofmann, Chef vum Departement Droit, an der Mme Elise Poillot, Professesch fir Zivilrecht an Direktesch vun der Clinique, hat si d‘Geleeënheet fir dës innovativ Ariichtung am Detail kennen ze léieren.

D’Clinique de droit de la consommation zeechent sech duerch hir Praxis-orientéiert Aarbecht an eng Educatiouns-Approche aus, déi um amerikanesche System inspiréiert sinn. Ee wichtegen Aspekt ass d’Ausbildung vun de Studenten an der Berodung vun echte Konsumente mat richtege Fäll.

D’Ministesch huet sech och mat Studenten ausgetosch, déi hir iwwert hir Erfarungen erzielt hunn. Dës Interaktioun war fir all déi Bedeelegt besonnesch interessant a léierräich.

Et gouf festgehal fir den Dialog an den Austausch tëschent der Clinique an der Direktioun fir Konsumenteschutz ze verstäerken. Dës informell Zesummenaarbecht dierft sech als positiv fir béid Säiten erweisen, well se den Echange vu Fachwëssen an ee bessert Versteesdemech vun den Erausfuerderungen am Kader vum Konsumenteschutz erméiglecht.

D’Martine Hansen huet déi Verantwortlech vun der Uni Lëtzebuerg felicitéiert fir dës Initiative, déi déi juristesch Formatioun fërdert an de Konsumenteschutz zu Lëtzebuerg stäerkt.

Aktualiséiert