Entrevue tëschent Martine Hansen, Lex Delles an der ULAV

D’Martine Hansen an de Lex Delles haaten eng Entrevue mat der Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages.

De 5. Februar war een Austausch tëschent dem Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, dem Lex Delles, Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, der Luxembourg Confederation an der Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages (ULAV) fir iwwert de Secteur vun den organiséierte Reesen an déi rezentst Entwécklungen op europäeschem Niveau ze diskutéieren. D’Ministesch fir Konsumenteschutz  huet an deem Kader betount, dass et fir si wichteg ass, dass souwuel Professionell wéi Passagéier hir Rechter a Flichte genee kennen.

©MECO Réunioun mat der ULAC
Réunioun mat der ULAC
Gruppefoto

Aktualiséiert