Online-Rechner fir den CO2-Foussodrock ze rechnen: myImpact.lu

De Ministère fir Konsumenteschutz huet en Online-Tool entwéckelt, dat Iech erlaabt Äre perséinlechen CO2-Foussofdrock ze berechnen andeems Dir e puer einfache Froen iwwert Äre Liewensstil beäntwert iwwert "Liewen a Logement", "Transport", "Liewensmëttel" a "Verbrauchsgewunnechten" . Dir kënnt Äre perséinleche Foussofdrock mat deem vum Lëtzebuerger Duerchschnëtt a mat de Lëtzebuerger Ziler fir 2050 vergläichen.

Um Enn vun der Berechnung gëtt de Site Iech och praktesch Rotschléi fir Iech ze hëllefen ee méi verantwortlecht Konsumverhalen un den Dag ze leeën.

Prett fir d'Features vum Site z'entdecken an Ären eegenen CO2-Foussofdrock ze berechnen? Mir ginn Iech Rendezvous op myimpact.lu!

Aktualiséiert