Liewensmëttelsécherheet

D’Aktivitéite vum MPC am Kontext vun der Liewensmëttelsécherheet zilen op eng Verbesserung vun der Transparenz an dem Konsumenteschutz.

D'Konzept « farm to fork »

D’Konzept « vum Greef op d’Forschett » oder « vum Bauerenhaff op den Dësch » - dat besser bekannt ass ënnert senger englescher Bezeechnung "from farm to fork" – ëmfaasst d’Méiglechkeet Liewensmëttel op hirem ganze Wee duerch d’Liwwerkette bis bei den Endverbraucher ze tracéieren.

D’Acteure vun der Versuergungsketten, dorënner Baueren, Betriber déi verschaffen, Logistikdéngschter, Distributiounszenteren an Eenzelhändler, mussen hir intern Praktiken a Prozedure bei all Etapp examinéieren a kontrolléiere fir d’Liewensmëttelsécherheet fir d’Konsumenten ze garantéieren.

D’Kontrollen nom Prinzip "farm to fork" ginn ëmmer méi komplex wat d’Konsumente méi wäit ewech vun de Quelle vun hire Liewensmëttele sinn.

Vill Leit si sech es net bewosst, wat fir e komplexe Prozess néideg ass, fir Liewensmëttel sou ze konservéieren an ze transportéieren, dass se frësch a vu gudder Qualitéit kënne geliwwert ginn. Doduerch dass dëse Prozess ëmmer méi komplex gëtt, muss all Niveau vun der Liwwerketten nach méi genee wéi soss iwwerwaacht ginn, fir ze verhënneren, dass kontaminéiert Liewensmëttel beim Verbraucher ukommen, dee se am gudde Glawe keeft.

Eng transparent a vollstänneg Opklärung vun allen Acteure vun der Liewensmëttelketten, inklusiv dem Konsument, ass also eng Viraussetzung fir d’Anhale vun den Obligatiounen.

Regierungskommissariat fir Qualitéit, Bedruch a Liewensmëttelsécherheet

D’Kommissariat, dat ënnert der Tutelle vum MPC steet, ass verantwortlech fir :

  • d’Organisatioun an d’Koordinatioun vun der Iwwerwaachung an der Kontroll vu Liewensmëttelen
  • d’Harmoniséierung vun de verschiddene Kontrollprozedure
  • de Fonctionnement vum zentrale Kontaktpunkt mat den internationalen Autoritéiten (Kommissioun, EFSA – déi Europäesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet, Codex alimentarius asw.)
  • dass déi lëtzebuergesch Gesetzgeebung an Aklang gesat gëtt mat der europäescher Liewensmëttelreglementatioun

Zentral Administratioun fir déi amtlech Kontrolle vun der Liewensmëttelketten

An Zesummenaarbecht mam Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung schafft den MPC drun, eng Administratioun ze schafen, an där folgend Aktivitéite regruppéiert ginn

Et geet drëm, d’Effikassitéit an d’Effizienz vun den amtleche Kontrollen an der Liewensmëttelketten ze stäerken an dozou bäizedroen, dass d’Prozedure fir d’Bedreiwer an d’Administratioune vereinfacht ginn.

De Gesetzesprojet fir d’Kreatioun vun dëser Verwaltung ass den 19. November 2020 deponéiert ginn.

An Aklang bréngen a Revisioun vu dem legislativen a reglementairë Kader

De legislative Kader am Kontext vun der Liewensmëttelsécherheet, der Liewensmëttelqualitéit an dem Liewensmëttelbedruch muss reviséiert ginn.

Den MPC wäert an enker Zesummenaarbechte mat dem Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung dës legislativ Reform duerchféieren, an Aklang mat de Reglementer (EU) 2017/625 an (EU) 2019/1381.

Aktualiséiert