An Zesummenaarbecht mat der europäescher Kommissioun

Consumer Dialogue 2022

Konsumenteschutz betrëfft eis all.

Nei Verbraucheragenda

D’Vertraue vun de Konsumenten an de Marché unique ass vu grousser Wichtegkeet.

Déi europäesch Verbraucherpolitik muss weiderhin de Konsumenten an de Professionellen e grousst Moos u Sécherheet bidden, sief et z.B. bei de Passagéierrechter, bei den deloyalen Geschäftspraktiken oder bei de Clauses abusives.

Déi schnell Changementer vun de Konsummodeller, d’Digitalisatioun vun de Prozeduren an d’Covid-19 Pandemie hunn d’Noutwennegkeet acceleréiert, d’Reglemantatioun unzepassen.

Mat der neier Verbraucheragenda huet déi europäesch Kommissioun 2020 hir Prioritéiten an Aktioune fir déi nächst fënnef Joer presentéiert, dorënner ënner anerem d’digital Transformatioun an déi gréng Transitioun vun der europäescher Unioun.

D’Ëmsetzung vun all dësen Aktivitéiten – souwuel op europäeschem wéi op nationalem Niveau – verlaangt eng enk Zesummenaarbecht tëscht all de concernéierten Acteuren, mam Verbraucher am Zentrum.

Wéi schonn an de leschte Joeren organiséiert d’Kommissioun an all Memberstaat en „Dialog mat de Konsumenten“ (Consumer Dialogue), fir d’Ëmsetzung vun der neier Agenda ze begleeden.

Zu Lëtzebuerg fënnt dësen Échange den 27. Abrëll statt.

D‘Uleie vun de Verbraucher

Tëschent Mëtt Februar a Mëtt Mäerz 2022 huet den MPC eng Ëmfro duerchgefouert fir besser d‘Uleie vun de Verbraucher ze verstoen.

Méi ewéi 2.500 Leit hunn d’Geleeënheet genotzt, hir Iwwerleeunge matzedeelen.

Dës Iwwerleeunge goufen an enger Rei Discussiounsgruppen, déi am Mäerz stattfonnt hunn, verdéift.

D’Conclusioune goufen den 27. Abrëll presentéiert an als Base genotzt ginn, fir Léisungen ze entwéckelen am Co-Kreatiouns Atelier, dee genau zu dësem Zweck stattfonnt huet.

De Konsumenten d’Wuert ginn – Design Thinking Atelier

Op dësem Dag haten d’Konsumenten an aner concernéiert Acteuren d’Wuert.

Fir dass si sech e Maximum abréngen an hir Iddien ausdrécke konnten, gouf en Design Thinking Atelier organiséiert, eng Aart a Weise nozedenken an ze entwéckelen, déi haaptsächlech um Benotzerfeedback baséiert.

Den Design Thinking ass eng Methode oder Approche, déi op de Benotzer ausgeriicht an a Richtung Innovatioun orientéiert ass.

Egal a wat fir engem Beräich, Empathie, Kreativitéit, Co-Kreatioun, Iteratioun an d’Recht op Feeler stinn am Zentrum vun dëser Methodologie. D’Zil ass et, d’Outile vum Design esou ze notzen, dass innovativ Projeten géréiert a Problemer, aler oder neier, geléist kënne ginn.

Dëst erlaabt et, Projeten a Service ze entwéckelen fir Notzer, Mataarbechter, Konsumenten oder Bénéficiairen.

D’Method eegent sech gutt fir Leit zesummenzebréngen mat ënnerschiddleche Beruffer, aus ënnerschiddleche Milieuen, mat ënnerschiddlechem kulturellen Hannergrond, déi net déi nämlecht Expertise hunn.

D’Resultater goufen um Enn vum Dag virgestallt, a Präsenz vun der Konsumenteschutzministesch, Vertrieder vun der Kommissioun an nationalen an europäeschen Experten.

Opgrond vun der sanitärer Situatioun gouf den Dag esou organiséiert, dass en en présentiel, digital oder hybrid stattfanne kann.

D’Participante kruten en Certificat, dee si als Formatiounscertificat kënnen notzen.

  1. ©MPC

  2. ©MPC

  3. ©MPC

  4. ©MPC

  5. ©MPC

  6. ©MPC

    De g à dr : Mathis Godefroid, président Jugendrot ; Paulette Lenert, ministre de la Protection des consommateurs
  7. ©MPC

    Bob Schmitz, juriste ULC
  8. ©MPC

  9. ©MPC

  10. ©MPC

  11. ©MPC

  12. ©MPC

    De g à dr : Bob Schmitz, juriste ULC ; Michaël Sibilia, juriste Chambre de Commerce ; Mathis Godefroid, président Jugendrot ; Paulette Lenert, ministre de la Protection des consommateurs ; Karin Basenach, directrice CEC Luxembourg ; à l’écran : Nils Behrndt, directeur DG Justice
  13. ©MPC

  14. ©MPC

    Karin Basenach, directrice CEC Luxembourg
  15. ©MPC

  16. ©MPC

  17. ©MPC

  18. ©MPC

  19. ©MPC

  20. ©MPC

  21. ©MPC

  22. ©MPC

Aktualiséiert