E puer europäesch Länner hu schon déi néideg reglementaire Bestëmmungen ëmgesat oder sinn am Gaang se ëmzesetzen, fir dass den Nutri-Score op de Liewensmëttel, déi an hirem Land op de Marché kommen, dierf verwent ginn.
Fir sécherzestellen, dass de System op eng kohärent Manéier agefouert gëtt, gouf eng transnational Koordinatiounvun deene Länner geschaf. Si besteet aus:
- engem Lenkungsausschoss
deen aus Vertrieder vun deenen eenzele Memberlänner zesummegesat ass an deen um operationellen Niveau fir eng kohärent Aféierung vum Nutri-Score suergt. - engem wëssenschaftlechen Ausschoss
deen aus Wëssenschaftler aus deenen eenzele Memberlänner zesummegesat ass, déi Expert op dësem Gebitt sinn.
D’Ziler vun dëser länneriwwergreifender Koordinatiounsinn also:
- d’Entreprisë bei der Ëmsetzung vum Nutri-Score ze ënnerstëtzen.
- eng wëssenschaftlech Begleedung vum Nutri-Score sécherzestellen.
