Den Nutri-Score-Logo, deen op der viischter Säit vu Verpackunge steet, ass eng ergänzend Informatioun iwwert d’Närwäertqualitéit vun de Liewensmëttelen.
Mat deem Logo kann d’Närwäertqualitéit vun engem Produit séier erkannt ginn an et kann ee Produiten aus därselwechter Kategorie matenee vergläichen.
Fir d’Bewäertung ginn déi Närstoffer a Liewensmëttel, déi ee favoriséiere soll (Ballaststoffer, Proteinnen, Geméis, Uebst, Leguminosen, Nëss, Raps/Noss/Olivenueleg) mat deene verrechent, déi een nëmme limitéiert iesse soll (Energie, gesättegt Fettsaieren, Zocker, Salz) an op dem Liewensmëttel gëtt dann eng Klassifikatioun affichéiert, déi vun engem donkelgréngen A bis op en donkelorangen E geet.
Ufank 2021 huet Lëtzebuerg e groussherzoglecht Reglement ugeholl, dat et den nationalen Entreprisen erlaabt, hir Produite mat dem Logo Nutri-Score op dem Lëtzebuerger Marché ze verkafen.
Wat ass den Nutri-Score?
Den Nutri-Score kann op der viischter Säit vum Emballage vu verpaakte Produite mat enger Närwäertdeklaratioun stoen. Hie weist d’Närwäertqualitéit vum Produit op enger Skala mat Buschtawen a Faarwen déi fënnef Niveauen huet:
Vum donkelgréngen A fir Produiten, déi gutt am Kader vun enger gesonder d’Ernärung si bis bei en donkelorangen E fir Produiten, déi net sou gënschteg si fir eng gesond Ernärung.
Weider Informatiounen zum équilibréierten Iessen fannt Dir op der Säit vum GIMB.
Wéi gëtt den Nutri-Score berechent?
Fir seng Evaluatioun berücksichtegt den Nutri-Score Närstoffer a Liewensmëttel, déi gënschteg si fir eng gesond Ernärung (Ballaststoffer, Proteinnen, Uebst a Geméis, Leguminosen, Nëss, Raps-/Noss-/Olivenueleger) an Närstoffer déi als manner gënschteg ugesi ginn (Energie, gesättegt Fettseieren, Zocker, Salz).
Den Nutri-Score gëtt fir 100 Gramm oder 100 Milliliter vun engem Produit berechent.

Wat bréngt de Nutri-Score?
Fir d’Verbraucher ass et net ëmmer einfach, d’Informatiounen iwwer d’Närwäertqualitéit vu Liewensmëttelen ze interpretéieren.
Den Nutri-Score erliichtert d’Verständnis an hëlleft hinnen, fir op ee Bléck déi Produiten ze erkennen, déi eng besser Närwäertqualitéit hunn.
Et soll ee Produite mat engem donkelgréngen A privilegiéieren a Produite mat engem donkelorangen E nëmme begrenzt consomméieren.
Op déi Manéier kann den Nutri-Score hëllefen, e bessere Choix fir eng gesond Ernärung ze treffen.
Nutri-Score – wéi vergläicht een d’Produite richteg mateneen?
Mat dem Nutri-Score kann de Konsument d’Närwäertqualitéit vu verschiddene Produiten aus där nämmlechter Kategorie matenee vergläichen. E kann z.B. de Score vun zwee Uebstjugurte matenee vergläichen.
Et kann ee mam Nutri-Score allerdéngs net d’Närwäertqualitéit vu Produiten aus ënnerschiddleche Kategorië matenee vergläichen, also z.B. eng Pizza mat engem Jugurt.
Si Produiten ouni Nutri-Score manner gesond?
Den Nutri-Score ass net obligatoresch.
Dës Informatioune si fakultativ an als Ergänzung geduecht zu deene Vermierker, déi obligatoresch mussen op den Etikette stoen.
Den Nutri-Score erschéngt also net onbedéngt op all Produit, dat heescht awer net, datt dës Produite manner gutt sinn.
Allerdéngs ass eng Entreprise, déi den Nutri-Score op engem Produit vu hirer Mark affichéiert, verflicht en dann och op allen anere Produite vun dëser Mark ze affichéieren.
Berücksichtegt den Nutri-Score Zousazstoffer?
Den Nutri-Score berücksichtegt bei senger Evaluatioun net, ob Zousazstoffer bäigesat gi sinn.
Allerdéngs mussen déi Zousazstoffer op der Lëscht vun den Ingrediente genannt ginn, entweeder mam Eegennumm oder mat hirer codifizéierter ENummer.
Berücksichtegt der Nutri-Score den Veraarbechtungsgrad vun engem Produit?
Den Nutri-Score interpretéiert d’Närwäertqualitéit vun engem Produit op Basis vun den Närstoffer a Liewensmëttel déi favoriséiert solle ginn (Ballaststoffer, Proteinnen, Uebst und Geméis, Leguminosen, Nëss, Raps-/Noss-/Olivenueleger) an deenen, déi manner gënschteg sinn (Energie, gesättegt Fettseieren, Zocker, Salz).
De Veraarbechtungsgrad vum Produit gëtt dobäi also net berücksichtegt. Fir eng korrekt Uwendung vum Nutri-Score ass et sënnvoll, Informatiounen doriwwer op der Verpackung unzeginn.
Berücksichtegt den Nutri-Score déi endgülteg Zoubereedung vum Produit?
Den Nutri-Score gëtt eng global Evaluatioun vun der Närwäertqualitéit vun engem Produit, sou wéi e verkaf gëtt, ouni onbedéngt ze berücksichtegen, wéi de Produit dann endgülteg zoubereet gëtt.
Bei Fritten zum Beispill, bei deenen op der Verpackung ee bestëmmte Score steet, kéintdee sech nach änneren, wann een d’Fritten an der Friteuse preparéiert.
Gëtt den Nutri-Score Informatiounen iwwert déi genee Quantitéit vun engem Närstoff?
Den Nutri-Score mécht eng global Evaluatioun vun der Närwäertqualitéit vun engem Produit.
Dobäi gëtt déi genee Quantitéit un Närstoffer, déi an 100g/100ml vun engem Produit dra si berücksichtegt, mee op dem Logo gëtt nëmmen d’Gesamtbewäertung affichéiert.
Fir déi genee Quantitéit vun engem Närstoff gewuer ze gi, muss een d’Närwäerttabell kucken, déi bei Produite mat Nutri-Score ëmmer dobäi si muss.
Den Nutri-Score gëtt also eng Informatioun iwwert déi global Närwäertqualitéit vun engem Produit, wärend d’Lëscht vun den Ingredienten (Link op Depliant) an d’Närwäerttabell (Link op Depliant) genee Informatiounen iwwert d’Ingredienten an d’Närwäerter gëtt, déi am Produit sinn.

Wéisou kann en Uebstjus als « C » klasséiert ginn an eng Limonad mat Séissstoff gëtt als « B » agestuuft ?
Fir de Score ze berechnen, setzt den Nutri-Score déi Närstoffer a Liewensmëttel mateneen a Relatioun, déi méi favorabel si fir eng gutt Ernärung (Ballaststoffer, Proteinnen, Uebst a Geméis, Leguminosen, Nëss, Raps-/Noss-/Olivenueleg) an déi, vun deenen een net souvill zou sech huele sollt (Kalorien, gesiedegt Fettsaieren, Zocker, Salz) a weist dann op dem Liewensmëttel eng Klassifikatioun, déi vun A donkelgréng bis E donkelorange geet.
Den Zocker an den Energiegehalt, déi an engem Uebstjus dra sinn, ginn also als manner gënschteg agestuuft, wärend Séissstoffer bei der Berechnung vum Nutri-Score iwwerhaapt net berücksichtegt ginn. Sou kann eng Limonad mat Séissstoffer e bessere Score kréie wéi en Uebstjus, well do manner Zocker a manner Kalorien dra si wéi am Jus. Allerdéngs muss op all Gedrénks, wou Séissstoffer dra sinn, dat och op der Verpackung gekennzeechent ginn.
Sämtlech Informatiounen iwwert eng gesond an ausgeglach Ernärung fannt Dir op der Säit vum GIMB.
Wéisou kann eng déifgefruere Pizza en Nutri-Score A oder B kréien?
Fir de Score ze berechnen, setzt den Nutri-Score déi Närstoffer a Liewensmëttel mateneen a Relatioun, déi méi favorabel si fir eng gutt Ernärung (Ballaststoffer, Proteinnen, Uebst a Geméis, Leguminosen, Nëss, Raps-/Noss-/Olivenueleg) an déi, vun deenen een net souvill zou sech huele sollt (Kalorien, gesiedegt Fettsaieren, Zocker, Salz) a weist dann op dem Liewensmëttel eng Klassifikatioun, déi vun A donkelgréng bis E donkelorange geet.
Jee nodeems, wat an der Pizza dran ass, wäer ët méiglech, dass z.B. eng Pizza mat vill Geméis a wéineg Fett e bessere Score kritt wéi eng Pizza mat wéineg Geméis a méi Fett. Den Nutri-Score wëllt d’Industrie derzou animéieren, hir Rezepter sou unzepassen, dass se e bessere Score kréien an deementspriechend och eng besser Nährertqualitéit hunn, an dofir kann eng déifgefruere Pizza, jee nodeems, aus wat se zesummegestallt ass, e gudde Score hunn. Mam Nutri-Score kann een d’Produiten also matenee vergläiche fir dee beschte Choix kënnen ze maache wann ee verschidde Pizzaen zur Auswiel huet. Den Nutri-Score ass eng zousätzlech Informatiounen zu den Närwäerter, de Konsument kann also och d’Närwäerttabell an d’Lëscht vun den Ingrediente consultéieren, déi op der Verpackung ze fanne sinn, fir all déi Informatiounen ze kréien, déi fir déi entspriechend Transparenz néideg sinn.
Sämtlech Informatiounen iwwert eng gesond an ausgeglach Ernärung fannt Dir op der Säit vum GIMB.