Martine Hansen op der Foire vun de "Mini-Entreprises"

D'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet d'Foire vun de Mini-Entreprises besicht, ee vun de grousse Projeten vun der ASBL Jeunes entrepreneurs Luxembourg (JEL).

  1. ©MPC

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch op engem Stand
  2. ©MPC

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch op engem Stand
  3. ©MPC

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Gruppefoto
  4. ©MPC

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch op engem Stand
  5. ©MPC

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch bei de "Mini-Entreprises"

    Besuch op engem Stand

Well d'Direktioun fir Konsumenteschutz zwee nei Präisser vum Concours vun de Mini-Entreprises stëft, de "prix de la protection des consommateurs" an de "prix de la consommation responsable", huet d'Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, d'Foire vun de Mini-Entreprises besicht. D'Ministesch konnt sech vun der Diversitéit vun de Stänn iwwerzeegen an huet och kënne feststellen, dass déi Jugendlech sech bei hirer Offer vu Produkter a Servicer fir ee verantwortungsbewosste Konsum asetzen. D'Ministesch huet dofir och d‘ASBL Jeunes entrepreneurs Luxembourg (JEL) fir d'Organisatioun vun dëser Manifestatioun begléckwënscht.

Aktualiséiert