D’Martine Hansen, Ministesch fir Konsumenteschutz, huet déi éischt Sessioun vum Conseil de la consommation vum Joer 2024 opgemaach.
De Conseil de la consommation baséiert um Tripartite-Prinzip a fërdert ë. a. den Austausch tëschent Regierung, Patronat a Konsumentevertriëder a kann och op Ufro vun der Ministesch Avise schreiwen zu Froen am Konsumenteschutz.
D’Ministesch huet betount, dass den Dialog mat de Partner hir wichteg ass : wann den Dialog an d’Concertatioun am Mëttelpunkt stinn, ass de Conseil an der Lag fir aktiv zu enger efficacer Konsumenteschutz-Politik bäizedroen, déi un d’Bedierfnisser vun alle Partner adaptéiert ass.